25 Blesséierter, dorënner 11 Kanner, wieren deels schwéier verletzt an eng Klinik op der Insel Chios bruecht ginn, esou griichesch Medien. Wéi déi griichesch Autoritéite mellen, wieren d'Migranten op engem Boot mat engem staarke Moteur ënnerwee gewiescht.
D'Küsten-Autoritéit géif zesumme mat der griichescher Militäraviatioun eng Sich- a Rettungsaktioun duerchfeieren. Dobäi wier och een Helikopter mat enger Wäermebild-Kamera an den Asaz komm, well en dovunner ausgeet, datt weider Leit am Waasser kéinte sinn.