arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 18 Doudeger bei neie Loft-Attacke vu Pakistan am Grenzgebitt vun Afghanistan

Konflikt

|
headphones

1 min

18 Doudeger bei neie Loft-Attacke vu Pakistan am Grenzgebitt vun Afghanistan

Nei bluddeg Gewalt am Konflikt tëschent Pakistan an Afghanistan: Pakistan gehait dem Nopeschland vir, Terrorgruppen z’ënnerstëtzen.

headphones

1 min

© EPA/SAMIULLAH POPAL
(Foto: EPA/SAMIULLAH POPAL)

Afghaneschen Informatiounen no, wiere bei den neien Attacke vun der pakistanescher Loftwaff am Grenzgebitt vun Afghanistan 18 Mënsche gestuerwen.

Zivil Affer oder Terroristen?

Afghanesch Staatsmedie schwätze vun nëmmen zivillen Doudesaffer. 

Pakistan no, wieren et Attacken op siwen Terror-Lagere vun den Taliban a vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) gewiescht. Et hätt sech ëm eng Revanche fir rezent Suicide-Attentater bei der pakistanescher Haaptstad Islamabad gehandelt.

D’Informatioune vu béide Säite loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen, notéiert d’Noriichtenagence DPA.