arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2 Fraen an 2 Organisatioune gefouert vu Frae kréien den Alternativen Nobelpräis 2026

Alternativen Nobelpräis

|
reading time

2 min

2 Fraen an 2 Organisatioune gefouert vu Frae kréien den Alternativen Nobelpräis 2026

Engagement fir eng fair Entwécklung vu KI, géint ethnesch Hetz a Pakistan a fir d'Interesse vu Landwirtinnen am Süde vum afrikanesche Kontinent: D'Gewënner vum Alternativen Nobelpräis setze sech fir Mënscherechter a géint Muechtstrukturen an.

reading time

2 min

D'Jalila Haider am Hongerstreik 2018 | © picture alliance / Pacific Press | Muhammad Arshad
D'Jalila Haider am Hongerstreik 2018 (Foto: picture alliance / Pacific Press | Muhammad Arshad)

Déi 1984 gebuere Jalila Haider setzt sech als Affekotin fir besonnesch bedreete Bevëlkerungsgruppe géint eng staatlech Ënnerdréckung, patriarchal Normen an ethnesch Gewalt a Pakistan an.

D'Jalila Haider 

Hiren 2011 gegrënnten Affekotecabinet huet bis ewell scho méi wéi 7.000 Fäll ugeholl, déi aner Affekoten als ze geféierlech oder onrentabel gesinn hunn. 

D'Jalila Haider huet organiséiert och Fraendemonstratiounen an ënnerstëtzt Honnerte vu Wittfrae vun Affer vun terroristeschen Attacken dobäi, finanziell op eegene Been ze stoen. 

D'Rural Women's Assembly

Rural Women's Assembly ass eng Organisatioun zu der méi wéi 178.000 Fraen aus 11 Länner gehéieren. Si ënnerstëtzte sech géigesäiteg, och iwwer national Grenzen eraus, fir hiren Terrain, hire Som an hir kierperlech Selbstbestëmmung géintiwwer groussen Agrarkonzerner a patriarchalesch Enteegnung ze verteidegen. Ënner anerem dokumentéiere si déi spezifesch Zorten u Som an de verschiddene Regiounen. 

Zil dobäi ass et, een Ernierungssystem op d'Been ze stellen, deen op Gläichberechtegung a Gerechtegkeet baséiert. 

D'Georgian Young Lawyers' Association

D'Georgian Young Lawyers' Association setzt sech fir Demokratie a Mënscherechter a Georgien an. Si bidde virun allem gratis Rechtsberodungen un a konzentréiere sech dobäi haaptsächlech op d'Rechter fir Mënsche mat enger Beanträchtegung an d'Recht op Bildung bei Kanner.

D'Organisatioun steet massiv ënner Drock wéinst engem neie Gesetz iwwer d'Transparenz vun auslännescher Bedeelegung. Duerch dat Gesetz huet d'Organisatioun mussen néng Büroe queesch uechter Georgien zoumaachen. 

D'Timnit Gebru

D'Timnit Gebru ass 1983 an den USA op d'Welt komm. Si fuerscht iwwer d'Risike vun der Kënschtlecher Intelligenz. Si ass Matgrënnerin vun der Organisatioun "Black in AI", déi sech dofir asetzt, datt schwaarz Mënsche representéiert ginn an der KI. Nodeems si als Mataarbechterin vu Google op grousse Risiken opmierksam gemaach huet, gouf si entlooss. 

Si warnt awer net just, mee entwéckelt och Alternativen a schafft mat anere KI-Experten zesumme fir siichtbar ze maachen, datt déi technologesch Entwécklung net just an den Hänn vun de groussen Techkonzerner bleiwe muss.