search

/ 2025 war e mouvementéiert Joer am Lëtzebuerger Fussball

Réckbléck

|
headphones

8 min

headphones

4 min

play_arrow

2025 war e mouvementéiert Joer am Lëtzebuerger Fussball

Et war e mouvementéiert Joer fir d'Lëtzebuerger Fussballfederatioun FLF. Trainerwiessel, Kontroverse ronderëm d'Nominéierung vum Gerson Rodrigues an eng WM-Qualifikatiounscampagne ouni een eenzege Punkt. D'Dammen-Nationalekipp huet par contre e positiivt Joer hanner sech. 

headphones

8 min

headphones

4 min

play_arrow
© EPA/ENNIO LEANZA - EPA/Tibor Illyes HUNGARY OUT
(Foto: EPA/ENNIO LEANZA - EPA/Tibor Illyes HUNGARY OUT)

Eigentlech huet d’Fussballjoer fir d’FLF-Ekipp vun den Häre gutt ugefaangen. Am éischte Match vum Joer huet een an engem Frëndschaftsmatch heiheem géint Schwede mat hirem Starstiermer Alexander Isak eng souverän Leeschtung bruecht an 1:0 gewonnen.

Dat war et dunn awer bal mat de positiven Aspekter vun de Roude Léiwe fir d’Joer 2025.

E Rekordbuteur, deen haaptsächlech nieft dem Terrain fir Opreegung suergt

Alt nees huet de Rekordbuteur vun de Roude Léiwen, de Gerson Rodrigues, negativ op sech opmierksam gemaach an doduerch fir Schlagzeile gesuergt.

Et war eng juristesch Néierlag fir de Gerson Rodrigues op der Cour d'appel: An zweeter Instanz bleift et bei 18 Méint Prisong mat Sursis probatoire fir de Fussballnationalspiller, deen ënner anerem wéinst Coups et blessures volontaires de Prozess gemaach krut.

© EPA/GIAN EHRENZELLER
(Foto: EPA/GIAN EHRENZELLER)

Et huet sech doropshin d’Fro gestallt, ob een e Spiller trotz der Verurteelung wéinst Kierperverletzung sollt fir d’Fussballnationalekipp nominéieren.

Dem deemolegen Nationaltrainer Luc Holtz seng Äntwert war net Nee. De Gerson Rodrigues gouf fir Testmatcher am Juni nominéiert, wat fir massiv Diskussiounen, Kritik a Protester hei am Land gesuergt huet.

Keng grouss Asiicht bei der FLF

Op déi massiv Kritik, och aus der Press, huet de Luc Holtz reagéiert, andeems hien e Journalist vum Quotidien vun enger Medieronn ausgeschloss huet, wat fir nach méi Kritik gesuergt huet.

Och bei de Protester, déi am Stadion organiséiert goufen, wou der FLF symbolesch d’Rout Kaart gewise gouf, huet d’FLF e schlecht Bild ofginn, wéi eng vun den Demonstrantinne gemengt huet.

“Also mir sinn entsat. Hei si Security-Leit si bei ons komm. Mir kruten eis Banneren ewech gerappt. Dobäi ass eng vun eise Matstreiderinnen, do ass esou un där gerappt ginn, dass si elo héchstwarscheinlech de Fanger gebrach huet.”

© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Den FLF-President Paul Philipp huet deemools probéiert, "d’Wogen ze glätten". Richteg funktionéiert huet dat net. Bis d’FLF awer op eng Kéier op d’Kriticken agaangen ass an eng Ethikkommissioun an d’Liewe geruff huet.

D'Missioun vun der Kommissioun wier et ënner anerem, fir d'Evenementer ronderëm den Dossier Gerson Rodrigues onparteiesch ze reexaminéieren, Conclusiounen draus zéien a Recommandatiounen opstellen, fir datt esou Situatioune sech net nach eng Kéier widderhuelen, esou d'FLF.

Den neien Trainer - Keen Onbekannten

De Verwaltungsrot vun der FLF huet och decidéiert, datt de Gerson Rodrigues net méi dierft selektionéiert ginn.

Trotzdeem war déi Affär den Ufank vum Enn fir den Nationaltrainer Luc Holtz. Den 11. August huet den Trainer vun de Roude Léiwe schliisslech säin Hutt gezunn an ass bei Waldhof Mannheim an déi drëtt däitsch Liga gewiesselt.

De Jeff Strasser bei senger éischter Pressekonferenz als Nationaltrainer. | © Livestream FLF
De Jeff Strasser bei senger éischter Pressekonferenz als Nationaltrainer. (Foto: Livestream FLF)

Neien Nationaltrainer ass keen Onbekannte ginn, nämlech de Jeff Strasser.

“Elo fänkt fir mech och en neie Prozess un als Nationaltrainer. Dat gëtt eng nei Aarbecht, mee et ass eng grouss Erausfuerderung, déi ech natierlech mat engem groussen Engagement an och mat enger grousser Freed a mat engem groussen Enthusiasmus wäert ugoen.”

Three Lions amplaz Rout Léiwen

Den Enthusiasmus huet sech awer warscheinlech séier nees geluecht. D’Stiermertalent Brian Madjo, dee scho fir d’Rout Léiwen opgelaf war, huet nämlech seng Nominéierung refuséiert. Hie wéilt elo mol léiwer bei der U-17 vun England matspillen, war d’Begrënnung.

©  picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner
(Foto: picture alliance / Foto Huebner | Foto Huebner)

Ouni Gerson Rodrigues a Brian Madjo huet sech am Lëtzebuerger Stuerm e Lach opgedoen, dat och de Jeff Strasser net fëlle konnt. D’WM-Qualifikatioun war eng Enttäuschung. Trotz gudde Leeschtunge géint d’Slowakei oder Däitschland heiheem, stoungen um Enn Null Punkten a just ee Gol fir d’FLF-Formatioun um Kont.

Enttäuschung(e) bei den Hären - Euphorie bei den Dammen

Enttäuschung op där enger Säit a grouss Freed op där anerer: D’Dammennationalekipp konnt nämlech op ganzer Linn iwwerzeegen an an der Nations-League an d’Liga B opsteigen. Deementspriechend war den Dan Santos, Trainer vun de Roude Léiwinnen, och zefridden.

“Mir wollten dat haut probéieren ze maachen. Wann et net gaange wier, wier et net dramatesch gewiescht, muss ech soen, well mir sinn eréischt am fënnefte Joer. Dat dierf een net vergiessen. Mee natierlech, well mir et elo fäerdeg bruecht hunn, dat ass et wat mir et och verdéngt hunn. An dofir sinn ech houfreg drop a felicitéieren d'ganz Ekipp.”

D’Liga B wier zwar vläicht eng Nummer ze héich fir d’Ekipp, mee déi Erfarungen, déi een do sammele kéint, wieren onbezuelbar, esou nach den Dan Santos.

Fir hiren Exploit goufen d’Rout Léiwinnen dunn och ufanks Dezember als Ekipp vum Joer ausgezeechent.

 

play_arrow Lauschteren