arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 230 Leit op just engem Boot sinn iwwer den Äermelkanal a Groussbritannie gefuer

Migratioun

|
reading time

1 min

230 Leit op just engem Boot sinn iwwer den Äermelkanal a Groussbritannie gefuer

230 Mënsche sinn an der Nuecht op haut mat just engem Boot iwwer den Äermelkanal vu Frankräich bis a Groussbritannien gefuer. Dat ass en neie Rekord. Dat huet déi franséisch Rettungsorganisatioun SNSM matgedeelt. Ënner de Leit u Bord waren och méi wéi 20 Kanner.

reading time

1 min

© EPA/YOAN VALAT
(Foto: EPA/YOAN VALAT)

D'Rettungsdéngschter schwätze vun enger aussergewéinlecher Asazsituatioun.

Zënter dem Ufank vum Joer si britteschen Donnéeën no bal 15.000 Mënsche mat klenge Booter iwwer den Äermelkanal a Groussbritannie komm. Frankräich a Groussbritannien haten am Abrëll een neien Accord ofgeschloss, fir géint déi illegal Iwwerfaarten a Schleiserreseaue virzegoen.