arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ 230 Meter héich: Schierener Wandrad geet geschwënn un d'Netz

Energie

|
reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow

230 Meter héich: Schierener Wandrad geet geschwënn un d'Netz

D'Gemeng Schieren mécht e weidere Schrëtt a Richtung erneierbar Energien. Déi éischt Wandanlag soll am August un d'Netz goen. Schonn elo denkt d'Gemeng iwwer weider Projeten am Beräich Wand- a Solarenergie no.

reading time

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Deeler vum Wandrad zu Schieren | © Diane Lecorsais
Deeler vum Wandrad zu Schieren (Foto: Diane Lecorsais)

Per Convoi exceptionnel goufen déi eenzel Deeler vun der Eolienne an deene leschte Wochen duerch d’Duerf geféiert an hunn do fir e klengt Spektakel gesuergt. Nach muss d’Wandrad zesummegebaut ginn, mee en éischten Deel steet.

Matten an der Natur, wann ee vu Schieren aus Richtung Steeën fiert, deit sech eppes Grousses un. De Chantier ass nach voll amgaangen, mee trotzdeem kann ee scho gutt erkennen, wat hei opgeriicht gëtt. De Bëtongssockel vu 86 Meter ass installéiert, de Rescht vum Tuerm aus Stol läit am Moment nach dernieft um Buedem, genee wéi d’Rotorblieder.

Wandrad soll am August un d'Netz goen

Elo feelt just nach de spezielle Kran, fir dat Schierener Wandrad zesummenzebauen. Mee dee gëtt am Moment awer nach am Réidener Kanton gebraucht. Wann den Asaz do fäerdeg ass, kann et zu Schieren lassgoen, erkläert de Paul Zeimet, Direkter vun der Energiegesellschaft Soler.

“Da geet dat u sech relativ schnell. Da ginn déi lescht dräi Stolsegmenter montéiert, soudatt mir dann op déi Gesamthéicht komme vun der Niewenhéicht vun 160 Meter, dann d'Gondel, de Rotor, de Stator an natierlech zum Schluss d'Flilleken. Mir sinn zouversiichtlech, datt dat am August spéitstens iwwer d'Bün gaangen ass an datt déi Anlag dann och entspriechend déi éischte Kéier d'Netz aspeist.”

Awunner kéinten sech bedeelegen

An der Nopeschgemeng zu Ierpeldeng, genee geholl zu Bierden, suergen d’Pläng fir eng Wandanlag – zwar nach op dem Gebitt vun Ettelbréck - jo schonn zënter enger Zäit fir vill Diskussiounen. Ee Moment wier souguer d’Nordstad-Fusioun doduerch bal a Gefor geroden. Zu Schieren wier dat anescht gewiescht, ënnersträicht de Schierener Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes. Bei enger Informatiounsversammlung wier virun allem d'Fro diskutéiert ginn, wéi d'Awunner:inne sech finanziell un der Anlag bedeelege kënnen.

"Mir als Gemeng stinn nach ëmmer zu där Iddi, datt mir als Gemeng vläicht och eng Part géife kafen, fir och déi Awunner ofzedecken, déi sech net selwer kéinte bedeelegen.“

Modern Anlag mat héijer Leeschtung

Mat de Rotorblieder zesumme wäert d’Wandrad zu Schieren um Enn ganzer 230 Meter Héicht moossen – also däitlech méi, wéi dat fréier üblech war. Dat éischt Wandrad zu Lëtzebuerg gouf virun 30 Joer um Pafebierg a Betrib geholl a gouf scho laang “repowered”, also duerch e Modell vun der neister Generatioun ersat, erkläert de Soler-Direkter Paul Zeimet.

"Eng Anlag wéi déi heite produzéiert den Equivalent vun 20 Anlagen aus den 90er Joren.“

An esouguer domat wier een nach laang net um Enn vum Potential ukomm - zu Eschduerf beispillsweis wier viru Kuerzem de Grondstee fir eng nach méi grouss a performant Anlag geluecht ginn.

Dat Schierener Wandrad soll ronn 10 Millioune Kilowattstonnen am Joer produzéieren, also den Equivalent vun 2.100 Haushalter à véier Persounen – mécht ronn 8.400 Leit, rechent de Paul Zeimet vir.  

Weider Projeten an der Gemeng

D’Gemeng Schieren zielt aktuell ronn 2.200 Awunner:innen – mee trotzdeem géif ee schonn iwwer weider Engagementer fir erneierbar Energien nodenken, verréit de Buergermeeschter Jean-Paul Zeimes. Nieft der Wandenergie setzt Schieren och op Photovoltaik. Kierzlech huet d'Gemeng d'Geneemegung kritt, fir eng grouss Solaranlag op der Kierch ze installéieren.

"Mir wëllen einfach vill Stroum, vill erneierbar Energie produzéieren an och Virbild fir eis Awunner sinn.“

Och iwwer en zweet Wandrad an der Gemeng gëtt no Ausso vum Buergermeeschter schonn nogeduecht.

play_arrow Lauschteren