arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ 25 Joer Tate Modern zu London

Kultur

|
headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow

25 Joer Tate Modern zu London

Den Tate Modern zu London feiert dëst Joer säi 25 Gebuertsdag. Dëse Musée ass duerch seng spektakulär Installatiounen an innovativ Curatioun zu engem vun de beléiftsten zäitgenëssesche Muséeë vun der Welt ginn. Mee déi lescht Jore ware fir den Tate Modern net einfach.

headphones

4 min

headphones

5 min

play_arrow
© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

An der Turbine Hall vum Tate Modern steet eng fierchterlech Kreatur: Et ass eng 10 Meter héich Spann, där hire Bauch héich iwwer de Käpp vu Leit schwieft. Et handelt sech hei ëm der Louise Bourgeois hir Skupltur "Maman". Si ass eng al Bekannten hei am Musée, well viru 25 Joer war si bei der Erëffnung vum Tate Modern dobäi.

Fir de 25. Gebuertsdag huet si elo zesumme mat 24 anere Schlësselwierker de Wee zeréck an d‘Galerië vum Tate fonnt. Dobäi sinn zum Beispill de "Lobster Telephone" vum Salvador Dali, dem Marcel Duchamps seng "Fountain" an och "Eine kleine Nachtmusik" vum Dorothea Tanning. 

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Ongewéinleche Marketing

All Joer besichen tëschent 4 a 6 Millioune Leit d‘Galerien um südlechen Ufer vun der Thamse. Haut kann ee sech d‘Londoner Skyline guer net méi ouni dat imposant Gebai mat héische Schaarschtech virstellen. Mee viru 25 Joer war d‘Géigend vu Southwark nach zimmlech onbekannt. 

Fir sécher ze goen, datt d‘Leit de Wee an de Musée géinge fannen, hat d‘Kommunikatiounsteam vum Tate Modern eng aussergewéinlech Iddi. Si hunn Taxichaufferen an hir Famillen agelueden, ier de Musée seng Diere fir de Public opgemaach hat. Well wann ee wësse soll, wei een am beschte bei de Musée kënnt, da sinn et d‘Londoner Cabbies. Déi konnten dann och duerno den Touristen eng Visitt an der neier Attraktioun virschloen.

Konschtinstallatiounen an der grousser Turbine Hall

Den Tate Modern befënnt sech an engem renovéierte Kraaftwierk, dat an den 80er Jore wéinst den héischen Uelegpräisser zougemaach gouf. D‘Dimensioune vum Kraaftwierk goufe bei der Renovatioun bäibehale. Am groussen Hall, wou d‘Stroumgeneratore waren, kënnen esou immens spektakulär Installatioune gewise ginn.

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Et erënnert ee sech dobäi un déi waarm Sonn vum Olafur Eliasson. Seng Installatioun "The Weather Project" hat am Turbine Hall mat Luuchten a Spigelen ee Sonnenënnergang geschaf. D‘Leit hu sech op de glate Bëtongsbuedem geluecht. Et goufe Yoga-Coursen a Liesungen ënner der kënschtlecher Sonn organiséiert. 

Fir den Olafur Eliasson war de Raum an d‘Leit Deel vum "Weather Project."

"The Weather Project an d' the space created a collective experience. People were coproducing hte space together, they weerre sharing it. So scleary there e was something whch has to do with that your many people in the same space an d' that collectivity sort of amoplified ass certain quality of being there."

Eng nei Andeelung vun de Konschtwierker

Eng aner Installatioun, déi zum Blockbuster fir den Tate Modern gi war, dat waren dem chineesesche Kënschtler Ai Wei Wei seng "Sunflower Seeds." Hien hat 2010 dausend Meterkaree vun der Turbine Hall mat 100 Millioune Sonneblummekären aus Porzeläi gefëllt, déi chineesesch Handwierker:innen eenzel hiergestallt haten.

© Claire Barthelemy
(Foto: Claire Barthelemy)

Legendär war och dem Doris Salcedo hiert Wierk "Shibboleth", dat een déiwe Rass an de Bëtongsbuedem vun der ganzer Turbine Hall gezunn huet. Wei d‘Kënschtlerin dëse Rass dohi krut, huet si net verroden.

Net nëmmen déi monumental Installatioune waren deemools nei, mee och d‘Aart a Weis, wéi d‘Wierker gewise goufen. Déi permanent Ausstellungen am Tate Modern sinn nämlech an Theemen agedeelt, an net no de Kënschtler:innen. Esou kritt een als Visiteur eng méi kontextuell Vue vun der Konscht gebueden, déi engem och manner bekannte Wierker nobréngt.

Dës Approche huet deemools net jidderengem gefall, well ee schonn eng Zäitche misst duerch d‘Galerie tëppele muss, fir d‘Wierker vun de Berüümtheeten Andy Warhol, Henri Matisse oder Jackson Pollock all ze gesinn.

Ënner Covid gelidden

Wei all d‘Muséeën uechtert Welt huet och den Tate Modern schwéier un der Pandemie gelidden. D‘Visiteurszuelen hu sech bis haut nach net erkritt. Et hunn dofir och missen Aarbechtsplaze gekierzt ginn. D‘Maria Balshaw, Direktesch vun Tate, sot, et wiere virun allem manner jonk Europäer an den Tate Muséeën. Schold doru wieren d‘Pandemie an de Brexit. Den EU-Austrëtt hätt d‘Ausbildungs- a Beschäftegungsméiglechkeete vun de jonke staark ageschränkt. Och géinge si manner reesen. 

Verschidde Kritiker fannen et wier un der Zäit, datt d‘gratis Entréeën an dësen ëffentlech Institutiounen ofgeschaaft soll ginn. Mee genau dat mécht de Musée allerdéngs esou accessibel.

Op ee just fir e Kaffi dohi geet, duerch d'Galerië spadséiert, oder kuerz eemol op den 10. Stack fiert, fir d‘Skyline vu London nach eemol ze bewonneren: Den Tate Modern ass no senge 25 Joer nach ëmmer e beléiften Zenter fir Touristen a Londoner zugläich. 

play_arrow Lauschteren