Zwee Terroriste wieren "neutraliséiert ginn“, esou den tierkeschen Inneminister op X, ouni ze preziséieren, ob si festgeholl oder ëmbruecht goufen, nach ob et weider Täter géif ginn.
Op Videoopname wieren Explosiounen a Schëss ze héieren. N-TV mellt, et géif eng Geiselnam ginn. Mataarbechter vun der Entreprise wieren a Bunker a Sécherheet bruecht ginn, esou déi staatlech tierkesch Noriichtenagence. D‘Ëmgéigend wier ofgespaart ginn. Detailer iwwer d‘Hannergrënn feelen.
Déi betraff Rüstungsentreprise entwéckelt a produzéiert ënnert anerem Kampffliger an Dronen.