arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rüstungs-Accord: Griichenland keeft komplette Loftofwiersystem vun Israel

Griichenland

|
reading time

1 min

Rüstungs-Accord: Griichenland keeft komplette Loftofwiersystem vun Israel

Israel a Griichenland hunn e Kontrakt vun 3 Milliarden Euro ënnerschriwwen, fir een neie Rüstungs-Accord. Israel soll deemno an dräi Joer een neie, komplette Loftofwiersystem u Griichenland liwweren, deen Fliigeren, Dronen a Rakéiten kann interceptéieren.

reading time

1 min

© Radio 100,7
(Foto: Radio 100,7)

De Loftofwiersystem soll dann déi griichesch Systemer, déi bis elo do sinn, mat der israeelescher Loftofwier verbannen. Dat hunn den israeeleschen Defenseministere an de griichesche Radio annoncéiert. 

Et wier ee vun den déckste Kontrakter an der Geschicht vum Staat Israel. Griicheland ass dat éischt Land an der EU dat een änleche Loftofwiersystem, wéi deen an Israel, kritt.