D’90er-Jore waren ee Joerzéngt, dat vun Iwwergäng, vum Alen an dat Neit, gepräägt waren. Ee Prozess, dee mat vill Optimismus, mee och mat Onsécherheete verbonne war. Mam Internet gouf een neie Fräiheetsraum geschaf, dee gläichzäiteg Ängscht virun der Automatiséirung an der Technologieofhängegkeet provozéiert huet. D’Popkultur huet geboomt an d’Jugendkultur gouf méi divers, wärend de Verloscht vun den traditionellen, konservative Wäerter an eng verluere Jugend gefaart goufen.
D’Dynamik vun Optimismus an Onsécherheet huet sech schliisslech och an den internationalen Entwécklunge manifestéiert. Nom Zesummefall vum Ostblock stounge vill Natiounen, sécher ufanks mat Optimismus, virun der Fro, wéi et weidergoe sollt. Néierens huet sech déi uschléissend Onsécherheet dunn an enger esou brutaler Manéier geäussert wéi an der deemoleger sozialistesch-federaler Republik Jugoslawien. Am multiethnesche Bosnien-Herzegowina ass am Joer 1992 ee Krich ausgebrach, dee méi wéi dräi Joer gedauert huet an deem seng Follge bis haut ze spiere sinn.
Zil vun dësem “Bléck zeréck” soll et net sinn all d’Evenementer vum Konflikt chronologesch nozeerzielen. Am Mëttelpunkt sti vill méi eenzel Aspekter, déi ënner verschiddene Perspektive beliicht ginn. Mir héiere Stëmme vu Mënschen, déi hir Heemecht hu misse verloossen an op d’Solidaritéit vun aneren ugewise waren. Stëmme vu Mënschen, déi dës Solidaritéit ugebueden an hinnen zu Lëtzebuerg gehollef hunn an och vu Reporter:innen, déi aus dem Krichsgebitt bericht hunn.
" ... ee Schluechthaus"
Agekesselt tëschent Kroatien am Westen an Norden a Serbien am Osten läit Bosnien-Herzegowina. Am Villvëlkerstaat hunn an den 1990er Joren ronn 40 Prozent mosleemesch Bosniaken gelieft. Ongeféier ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ware bosnesch Kroaten, déi gréisstendeels dem kathoulesche Glawen ugehéiert hunn. Bal een Drëttel vun den Awunner ware bosnesch Serben, déi virun allem orthodox Chrëschte waren. An de Gebitter am Norden a Weste vum Land hu si d‘Majoritéit vun der Bevëlkerung duergestallt.
Nodeems den deemolege President Alija Izetbegović den 3. Mäerz 1992 no engem Referendum formell d’Onofhängegkeet vum Staat Bosnien-Herzegowina ausgeruff hat, sinn d’Tensiounen tëschent den Ethnien eskaléiert. Déi bosnesch Serben, also ethnesch Serben déi a Bosnien-Herzegowina gelieft hunn, hu sech net an deem neien Nationalstaat representéiert gesinn. Deem viraus gounge Joren, an deenen de serbesche President Slobodan Milošević a säi kroateschen Homolog Franjo Tuđman den Nationalismus ënner hiren Unhänger ugekuerbelt haten.
De Konflikt war gepräägt vu massiver ethnescher Gewalt an humanitäre Katastrophen, dorënner där jorelaanger Belagerung vu Sarajevo an dem Genozid vu Srebrenica, an huet ongeféier 100.000 Mënschen d’Liewe kascht. Nach méi hunn hir Heemecht misse verlooss. De Krich ass mat den Dayton-Accorden, déi Bosnien-Herzegowina politesch nei strukturéiert hunn, de 14. Dezember 1995 formell op en Enn gaangen. Ugemierkt sief allerdéngs, dat d’Belagerung vu Sarajevo nach bis Februar 1996 u gedauert huet.
De Claude Grégoire, deemolege fräie Mataarbechter beim Radio 100,7, hat sech 1994 fir d’Spezialemissioun “Bosnesch Schicksaler” mat enger Rei geflüchte Mënschen aus dem Krichsgebitt ënnerhalen.
Als éischt war et d’Aisha Alic vu Crvenice bei Tuzla, déi am Detail iwwer d’Situatioun an hirem Heemechtsduerf an zu Tuzla bericht huet. Si huet och drop opmierksam gemaach, datt d’Flüchtlingsproblematik net nëmmen an Europa, mee och op der Plaz, ëmmer méi u Schäerft géing gewannen an huet hir Enttäuschung iwwer déi feelend Opmierksamkeet vun der internationaler Gemeinschaft vis-à-vis vun Tuzla zum Ausdrock bruecht:
“Ech perséinlech géif soen, datt sech d’Leit vun Tuzla vum Weste verlooss fillen. De Westen huet si am Stach gelooss. (...) Mënsche liewen ënner onméigleche Bedingungen. An dofir fille si sech natierlech am Stach gelooss. Déi gesamt Opmierksamkeet schéngt sech op Sarajevo ze konzentréieren, wat duerchaus verständlech ass, well och dës Stad zënter zwee Joer belagert gëtt. (...) Mee leider gëtt Tuzla ze vill vernoléissegt.”
De Kemal Kulasic huet iwwer déi gewaltsam Eruewerung vu senger Heemechtsstad Kozarac duerch bosnesch-serbesch Truppen an déi onmënschlech Zoustänn an de sougenannten Transitlagere Keraterm an Omarska erzielt, an déi hie bruecht gi war:
“Ech war vum 27. Mee bis zum 25. August am Lager Omarska a war selwer Zeie vu villen Ermuerdungen. Awer net nëmmen ech, mee all Lagerinsassen. Vill vun den Affer hunn ech selwer kannt, anerer net. Mee ech hu missten erliewen, wéi ganz vill Mënschen ëmbruecht goufen. All Gefaangen hunn ënner deene verschiddene Folterunge misste leiden, goufe geschloen. D’Lager Omarska war een Doudeslager, ee Schluechthaus.”
Den "humanitäre Spezialstatut"
Wéi dem Aisha an dem Kemal ass et Honnertdausende Mënsche gaangen. Ëmmer hate si d’Hoffnung, dat Länner am Accord mat der Genfer Flüchtlingskonventioun si géifen ophuelen an hinne géife Schutz bidden. D’Masseflucht aus dem Krichsgebitt huet de Lëtzebuerger Staat an d’Gesellschaft virun eng grouss Prouf gestallt, déi zäitgläich vill Lacunnen am System opgedeckt huet.
Et war net esou, datt Lëtzebuerg virum Krich a Bosnien nach ni gréisser Zuelen u Mënschen opgeholl hätt. Ze nenne wiere beispillsweis déi Honnerte Mënschen, déi no der Niddergang vun der ungarescher Revolutioun am Joer 1956 an d’Land koumen. Awer am Fall vum Bosniekrich war d’Envergure eng ganz aner. Nach 1997, also zwee Joer nom Krich, waren iwwer 1.800 Flüchtlingen aus dem Krichsgebitt zu Lëtzebuerg.
Allerdéngs gouf et bis an d’Joer 1996 nach kee Ministère, dee kloer fir Asylfroen zoustänneg gewiescht wier, kee Bureau d’Accueil fir d’Refugiéen an och kee Gesetz, dat d’Asylprozedure systematesch gereegelt hätt. Opgrond vun deem groussen a plëtzlechen Zoustroum, huet Lëtzebuerg de Flüchtlingen aus Ex-Jugoslawien ad-hoc ee sougenanntenten “humanitäere Spezialstatut” accordéiert gehat. Dat huet hinnen erlaabt, déi laangwiereg Asylprozeduren ze iwwersprangen. Si kruten och, nieft enger Openthaltserlabnis, d’Recht eng eege Wunneng an Aarbecht ze sichen a spéider och d’Méiglechkeet, hiren temporairen Openthalt an een definitiven ze changéieren.
Dëse Spezialstatut huet ëmmer erëm misse verlängert ginn, woubäi mat der Zäit gewësse Konditioune fir d’Erhalen dobäi koumen. Esou hunn d’Beneficiairen explizitt aus Bosnien-Herzegowina misse kommen a si hunn och missen noweisen, datt si zu Lëtzebuerg eng Aarbecht hätten.
Deen éischte Bureau d’Accueil fir Refugiéen gouf dunn am November 1995 ageriicht an d’Joer drop och een Asylgesetz gestëmmt.
Hëllef a Solidaritéit zu Lëtzebuerg
Trotz de Privilegien, déi mam “Spezialstatut” koumen, huet et vill Aarbecht um Terrain gebraucht, fir d’Mënschen zu Lëtzebuerg opzehuelen an ze integréieren. Do stoung op där enger Säit d’Fro, wou d’Flüchtlingen no hirer Arrivée kéinten temporaire ënnerkommen. Zwar gouf et Strukturen uechter d’Land, mee d’Zoustänn vun dëse waren deelweis desastréis. Ënner anerem den Don Bosco um Lampertsbierg stoung ëmmer erëm an der Kritik.
Eng Persoun, déi op déi schlecht Conditiounen am Don Bosco higewisen huet, war d’Valerija Berdi. Si hat mam Konschterzéier Heng Breyer an der Léierin Gaby Fusenig d’Associatioun Help Yu gegrënnt. Esou hat si op der Antenn vum Radio 100,7 op déi “fuerchtbar Zoustänn” an der Struktur opmierksam gemaach an huet ënnerstrach, wéi schlecht dëst fir d’Moral an d’Integratioun vun de Mënsche war.
“Ech mengen d'Problemer si fir d‘éischt emol den Don Bosco selwer. Am Moment 130 Leit, déi hei wunnen, ënner fuerchtbaren Ëmstänn. An et muss ee bedenken, datt déi Leit elo schonn iwwer zwee Joer hei sinn. Si wunnen op zéng Metercarré, mat Chance hu si zwee Zëmmeren, si hunn eng gemeinsam Kiche fir zéng bis fofzéng Famillen, eng Dusch fir och déi selwecht zwielef Leit, an Toilette genee dat selwecht. An et ass permanent Kaméidi, wat jo normal ass, wou esou vill Leit zesumme liewen. Ech mengen, dat ass immens schlecht fir d'Moral vun de Leit, an ausserdeem ass et och immens schwéier fir d'Kanner.”
Een anert Uleies vun Help Yu war d’Educatioun vun de geflüchte Kanner an hir Integratioun an de Lëtzebuerger Schoulsystem. Eng Méiglechkeet fir si waren déi sougenannte Classe d’Accueil. Iwwer d’Schwieregkeeten an d’Defien dovunner huet d’Valerija Berdi sech mam Jean-Pol Roden an dem Schouldelegéierte vun der Stad Lëtzebuerg René Worré an der Emissioun Schoul am Liewen ënnerhalen. Dobäi ass et och allgemeng ëm d’Educatioun an d’Integratioun vu geflüchte Kanner, net nëmmen aus Bosnien, gaangen.
“Also ech mengen, datt bei deene Kanner virun hirer Integratioun de Problem kënnt vun: wat hunn déi Kanner erlieft, datt een dat versteet an datt een dat wierklech nolauschtert, an ech mengen dat ass eeben erëm déi sproochlech Barrière, déi leider besteet, mee éier déi Kanner hei kënnen iwwerhaapt an de Schoulsystem integréiert ginn, muss ee si emol aus deem Milieu, wou si liewen, aus deenen Heemer eraushuelen. Et muss een de Kanner nolauschteren. Si zielen, datt hire Papp zu Sarajevo ass a si sechs Méint näischt vun him héieren hunn, datt hiert Haus zerbommt ass. (...) An ech mengen, wann een déi Kanner ëmmer nëmmen zeréckstéisst a seet: O, et sinn nëmmen d'Jugoslawen, et sinn der, déi kommen, déi profitéieren, wat komme si heihinner, si sollen do bleiwen, wou si sinn. Ech mengen, da geschitt keng Integratioun, well einfach net nëmmen d'sproochlech Barriär do ass, mee einfach d'Situatioun, déi mir hei u sech nach net haten.”
D’Associatioun stoung de geflüchte Mënschen och a juristesche Froen zur Säit an huet beispillsweis gekuckt, dat si hier Pabeieren an der Rei haten.
Nieft Help Yu hate sech och nach eng Rei aner Hëllefsorganisatiounen an Initiativen zesummegedoen. Esou zum Beispill d’Associatioun Luxembourg-Bosnie ëm den Eldar Subasic, dee puer Joer virdru schonn d’ASBL Neit Bosnien gegrënnt hat. Si hunn ënner anerem eng Verurteelung vun de serbesche Krichsverbriechen duerch den Internationale Geriichtshaff an eng gréisser Ënnerstëtzung vun de Bosniaken duerch Lëtzebuerg an d’international Communautéit gefuerdert. Dofir hate si och am Abrëll 1994 eng Ënnerschrëftenaktioun gestart, déi och vu lëtzebuergeschen Oppositiounspolitiker, wéi dem Roger Glesener vun der DP, ënnerstëtzt gouf.
Berichterstattung vun der Front
De Jürgen Overdick (1940-2025) war ee vun de Pionéier vum däitsche Programm vun RTL an huet vun 1971 un d’Noriichteredaktioun vum Radio zu Lëtzebuerg mat opgebaut. Wärend senger Zäit als Journalist huet hien och vill Korrespondenzen aus dem Ausland gemaach an esou huet säi Beruff hie schonn am Juni 1991 a Bosnien-Herzegowina geféiert.
Am Interview mam Carlo Schneider op der Antenn vum Radio 100,7 am Mee 1994 huet de Jürgen Overdick iwwer de Krich an d’Situatioun zu Mostar bericht, wou schwéier Kämpf tëschent der kroatesch-bosnescher Arméi (HVO) an de Bosniaken geféiert gi waren.
Aus der Emissioun “Ouni Grenzen” vum 5. Mee 1994:
Hien huet ausserdeem op der Antenn vum Radio 100,7 erkläert gehat, wéi déi lokal Medien an de bedeelegte Länner iwwer de Krich bericht hunn an huet op d’Geforen higewisen, deenen auslännesch Journalisten a Journalistinnen ausgesat waren. Ënner anerem hat hie behaapt, datt serbesch Zaldote speziell Primme fir d’Schéissen op Journalist:innen a Kanner géife kréien. Fir dat systematesch Opstellen an Ausbezuele vun de genannte “Primmen” gëtt et keen offizielle Beweis, mee dat geziilt Schéissen op Zivilisten huet trotzdem zum Alldag gehéiert:
De Jürgen Overdick war deemools am Joer 1994 net der Meenung, datt et sech beim Konflikt ëm een ethneschen oder reliéise Krich géing handelen. Éischter wier et esou, dat et ëm Privileegie vun Elitte géing goen:
“Et ass e ganz primitive Krich, wou eng Elite aus der kommunisteschen Zäit versicht, seng Privileegien ze erhalen. Dat sinn déi Politiker, ëm de Milosevic, a Serbien, et sinn déi Militärs, déi hir Privileegie behale wollen. Dat ass a Serbien. Auf der anerer Säit hu mer dann och Nachzügler des Kommunismus a Kroatien. (...) Dat ass de Problem, da ass nach esou eng al Kast, déi ass zerstridden an déi kämpft géint déi aner. Awer et geet einfach hei um déi Privileegien. Déi wolle se erhalen. Ne? Also, ech mengen, primitiv ass e Krich ëmmer. Mee déi Motivatioun ass keng religiös, ass keng ethnesch. Einfach Beute machen, Privilegien erhalten, soss guer näischt.”
Déi ethnesch a reliéis Differenzen waren zwar net onbedéngt d’Ursaach fir den Ausbroch vum Krich, si hu sech allerdéngs wärend dësem zu de Facteuren entwéckelt, déi dat Ganzt gedroen a weider verschäerft hunn. Hunn déi verschidden Ethnien zu Zäiten vun der Republik Jugoslawien a Fridde matenee gelieft, gouf an de spéiden 80er-Joren eng Spaltung ëmmer méi däitlech. Den Armin Beslija, deen 1994 op Lëtzebuerg koum, erkläert dëse plëtzleche Wandel aus senger Perspektiv:
“Il y a deux ans, j'ai fêté dix ans de mon bac. Et j'ai réalisé à ce moment-là qu'avec des gens avec qui j'étais quatre ans dans la même classe, qu'on était d'ethnies différentes. Pour la première fois, je me demandais qui appartient à qui d'ethnies. C'était bizarre parce qu'on se connaissait depuis des années et on n'a jamais pensé qu'il existe une différence entre nous.”
Fazit
De Krich a Bosnien-Herzegowina huet déif Spueren hannerlooss - bei de Mënschen, déi hir Heemecht hu misse verloossen, mee och an de Gesellschaften, déi si opgeholl hunn. Zu Lëtzebuerg hunn Engagement a Solidaritéit vill bewierkt, gläichzäiteg goufen awer och strukturell Schwächte siichtbar, etwa an Opfaangstrukture wéi dem Don Bosco oder bei der Opnam an Integratioun vu geflüchte Mënschen. Datt dës Problemer deels nach haut besti mécht däitlech, datt d’Fro vu Flucht an Integratioun näischt Vergaangenes ass, mee eng dauerhaft politesch a gesellschaftlech Verantwortung.
Och a Bosnien selwer sinn d’Konsequenze vum Krich an d’Strukture vum Dayton-Accord nach ze spieren: politesch Spannungen tëschent dem Zentralstaat an der Republika Srpska, inklusiv separatistescher Rhetorik a Streidereien iwwer d’Roll vun zentralen Institutiounen, gehéiere weiderhin zur Aktualitéit, wat de konstante Fridden an der Regioun fragil mécht.