Dee sougenannte “Non Paper”, also een inoffiziellt Dokument, ass als Beitrag zur aktueller Diskussioun iwwer d’Erweiderung vun der EU ze gesinn.
Ënnerschriwwe gouf e vun Däitschland, Frankräich an den dräi Benelux-Länner.
EU-Diskussioun iwwer Erweiderung ass am gaangen
Virun der EU-Dier steet Montenegro, wat hofft d’nächst Joer Member vum Club ze ginn. Och Albanien an net zulescht d’Ukrain a Moldau pochen op ee Fortschrëtt am Bäitrëtts-Prozess.
D’Lektiounen aus de leschten Erweiderungs-Ronne vun der EU géife weisen, datt eng nei Perspektiv op déi Kontrakter néideg ass, heescht et am Text.
Remarkabel ass, datt déi fënnef Länner extra Reegele fir nei EU-Memberen an d’Diskussioun bréngen.
De Pabeier, deen eis virläit, proposéiert “e Katalog vun Optioune fir zukünfteg Bäitrëtts-Kontrakter”.
Temporären Entzuch vu Stëmmrechter als Mesure soll am Bäitrëtts-Kontrakt festgehale ginn
Een neie Mechanismus kéint beispillsweis iwwerwaachen, ob et Bréch mat demokratesche Prinzippien oder Réckschrëtter bei der Pressefräiheet gouf.
An esou Fäll kéint engem neie Memberstaat zäitweis d’Stëmmrecht entzu ginn. Zum Beispill a Froe wéi der Aussepolitik oder dem Europäesche Budget, wou normalerweis Decisioune per Unanimitéit geholl ginn.
Wat geschitt, wann een “ale” Member géint Prinzippie verstéisst?
De Fall vun de multipelen ungaresche Vetoe gëtt net explizit ernimmt, mee et gëtt indirekt drop Bezuch geholl. D’EU sollt iwwer ee Mechanismus nodenken, fir op esou ee Behuelen ze reagéieren a kapabel ze sinn, ze handelen.
Dowéinst sollten nei Kontrakter och un de Respekt vum Prinzip vun enger “éierlecher Zesummenaarbecht” erënneren.
Dorop, wéi ee weider mat ale Memberen ëmgoe soll, déi sech net un d’Reegelen halen, geet de Pabeier net explizit an. Parallel zum Erweiderungsprozess misst iwwer intern Reformen nogeduecht ginn, heescht et am Text.
Lëtzebuerger Ausseministère: Méiglech Réckschrëtter bei neie Membere verhënneren
Lëtzebuerg géing sech fir eng staark EU asetzen, an deen nächsten Erweiderungsprozess misst dozou bäidroen, kommentéiert op eis Nofro de Lëtzebuerger Ausseministère deen Non Paper.
Et wier wichteg sécherzestellen, datt d’Bekenntnis zu de Grondprinzippie vun der EU dauerhaft ass. Zil vum “Non Paper” wier et deemno, all méigleche Réckschrëtt vun engem zukünftege Memberland par rapport zu den Obligatiounen, déi et agaangen ass, ze verhënneren.
Op eis Fro, ob een hei net Gefor leeft, eng Zwee-Klassen-EU ze schafen, huet de Ministère net direkt reagéiert.