arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 50 Joer no der Explosioun am Pafendall: "Et huet ausgesi wéi no enger Bomm"

E Gespréich mat engem Zeien

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

50 Joer no der Explosioun am Pafendall: "Et huet ausgesi wéi no enger Bomm"

Den 30. Mee 1976 huet eng massiv Explosioun am Pafendall 3 Mënschen d'Liewe kascht, 21 Persoune goufe blesséiert a 17 Haiser zerstéiert. 50 Joer duerno erënnert sech den Zäitzeie Vic Reuter un déi dramatesch Nuecht.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
© Guy Reuter
(Foto: Guy Reuter)

Et war géint 10 Auer owes, wéi de Vic Reuter deemools mat Kolleegen zu Clausen op enger Terrass souz. Op eemol hätt et e risege Knall ginn. Kuerz drop wieren d’Pompjeeën an de Pafendall gefuer.

"Et grenzt un ee Wonner"

De Vic Reuter erënnert sech, datt et de ganzen Owend schonn e bëssen no Gas geroch hat. D’Explosioun war am Bistro vu senger Bom geschitt, dem Siège vum Fussballveräi Red Black Pafendall. D’Groussmamm vum fréiere Journalist huet d’Wiertschaft jorelaang geféiert.

“Si war deen Owend ënnenan, mat Frënn, wou si zesummen do e Patt gedronk hunn, an et ass hir awer näischt geschitt. Bon, wann een d’Biller gesäit, haut, esou an der Zeitung, wéi dat hei ausgesinn huet, da grenzt dat schonn un e Wonner.”

Vic Reuter am Pafendall | © Eric Ewald
Vic Reuter am Pafendall (Foto: Eric Ewald)

10.000 Liter Bensinn op där falscher Plaz

E mënschleche Feeler zu Zéisseng hat um Enn zum Knuppert "um Béinchen" geféiert: Zu Zéisseng hat nämlech e Chauffeur vun enger Transportfirma iertemlecherweis 10.000 Liter Bensinn an d’Kanalisatioun geschott amplaz an en Tank. D’Gasen hate sech duerch de Kanal bis an de Pafendall erof verdeelt. Do war d’Gemësch dunn duerch e Fonke vun engem Killaggregat explodéiert.

D’Nopeschhaus, lénks vum Bistro, war komplett fort. De Giewel hat sech pulveriséiert, wéi den Ex-Pressespriecher vun der Police et ausdréckt.

“Et ass jo natierlech kloer, datt wann e Stéck tëschent zwee Haiser feelt, da sinn déi aner all automatesch caduc. An natierlech an der Wiertschaft selwer huet och e Stéck uewe gefeelt.”

Och en Deel vum Giewel vun der Wiertschaft war fort, erkläert de Vic Reuter, an och aner Haiser waren zum Deel extreem schwéier beschiedegt.

“Et huet alles missen ofgerappt ginn. Dat war net méi bewunnbar.”

Gasen hate sech am Pafendall konzentréiert

An den 80er Jore gouf de Quartier nees opgebaut. De Pafendall war viru fënnef Joerzéngten e ganz ale Stater Quartier, net insaluber, mee och keen, an deem et déi allerbescht Konditioune gouf, betount den Ouerenzeie vun deemools. No der Explosioun wier säi Papp vum Cents erofkomm an hätt seng Bom mat heem geholl, déi méintelaang bei hinne gewunnt hätt.

“Si huet am Fong geholl am Ufank guer net realiséiert, wat geschitt war. An dunn, den Dag drop, wéi mir mat hir heihi komm sinn, do huet si et am Fong geholl richteg eréischt realiséiert, an dunn huet si och, mengen ech, realiséiert, wéi vill Chance, datt si hat.”

D’Origine vum Accident louch, wéi gesot, zu Zéisseng, mee am Pafendall, dem déifste Punkt vun der Stad, hätten d’Gase sech konzentréiert.

“ (...) An dunn hei am Haus, duerch e Fonken, en elektreschen Apparat, deen agesprongen ass, ass et zur Explosioun komm. An et war net eng Explosioun, et waren e puer Deflagratiounen hannereneen.”

D’juristesch Strof fir de Mann, deen un der Origine vun der Explosioun stoung, wier gedam ausgefall, erënnert sech de Vic Reuter. Dem Mann, deen eréischt e puer Deeg bei där Transportfirma geschafft hätt, wier zegutt gehale ginn, datt hien et net express gemaach hätt. D’Affer waren ënner anerem eng portugisesch Fra an hiert Kand.

“Déi hunn ech kannt, well déi huet am Nopeschhaus gewunnt. Déi hunn ech gesinn. An e Mann, deen hei war, den Här Mauer, deen hunn ech awer net kannt.”

Gullisdeckele, déi Meter héich geflu sinn

Op der Plaz erënnert eng Plaquette mat den Nimm vun den Affer un deen dramateschen Owend. D’Pompjeeën hirersäits hätten e puer Stonnen drop nach ee klengt Kand aus den Debrisen geholl. Deem wier awer och näischt geschitt, seet de Vic Reuter.

Plaquette mat den Nimm vun den Affer  | © Eric Ewald
Plaquette mat den Nimm vun den Affer (Foto: Eric Ewald)

Vun der Kierch bis bei den haitege Lift am Pafendall wier alles futti gewiescht, wéi wann eng Bomm ageschloen hätt, an Aenzeien no wiere Gullisdeckele meterhéich duerch d’Luucht geflunn.

Leit, déi keng Famill nobäi haten, wieren an d’Jugendherberg evakuéiert ginn. Dem Vic Reuter säi Papp wier den Dag drop erëmkomm, fir Pabeieren a Wäertsaache vun der Bom ze recuperéieren.

“Et huet een am Fong geholl hir Schlofkummer vun der Strooss hei ënnenaus gesinn. Mäi Papp mat de Pompjeeën hunn déi nach probéiert, Saachen ze recuperéieren, mee vun engem gewëssene Moment un huet awer all Mënsch gesot, et ass ze geféierlech, elo loosse mir dat schéi sinn, well soss fält alles zesummen, an et ass och relativ séier dunn ofgerappt ginn, well d’Gefor war einfach ze grouss, datt et géif an e Koup falen.”

Dem fréieren RTL-Journalist an Ex-Policespriecher seng Groussmamm goung duerno iwweregens, Ironie vun der Geschicht, op Zéisseng wunnen, do wou d’Accident den Ursprong hat.

play_arrow Lauschteren