D‘Staatsfinanze si substantiell an d‘Luucht gaangen – nämlech duerch eng Ierfschaft vu bal 500 Milliounen Euro. Dat gouf de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt.
Eng Recette, déi nawell fir Diskussioune gesuergt huet: Ouni dës eemoleg Zomm wieren d‘Recetten nämlech däitlech manner gewuess wéi d‘Ausgaben, esou d‘Analys vun enger Partie Deputéierter.
Akzisen um Tubak: Manner Recettë wéinst verstäerkte Grenzkontrollen?
D‘Recetten iwwer d‘Akzisen um Tubak sinn iwwerdeems am Verglach mam selwechten Zäitraum d‘lescht Joer ëm ronn 4 Prozent zeréck gaangen a leien elo bei 621 Milliounen Euro.
Ee Grond fir dëse Réckgang kéinten déi verstäerkt Grenzkontrollen an den Nopeschlänner sinn, esou nach de Minister.
De Gilles Roth ass iwwerdeems zouversichtlech, datt d‘Scholden ënner dem Seuil vun 30 Prozent vum PIB bleiwen. Den Ament läit se mat 26,5 Milliard Euro bei knapp iwwer 28 Prozent.