arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 6 Tonnen Dreck laanscht d'Uelzecht an d'Kor gesammelt

Botzaktioun

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

6 Tonnen Dreck laanscht d'Uelzecht an d'Kor gesammelt

Un der Botzaktioun vun zwou Woche bedeelegt waren d'Gemenge vun de Flosspartnerschaften Uelzecht a Kor. De Bilan gouf um Dënschdeg zu Keel/Téiteng der Press virgestallt. Erstaunlech ass, wéi vill Dréck gesammelt gouf, mee och d'Diversitéit vun den Objeten, déi an de Gewässer louchen.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Déi sechs Tonnen Dreck, déi an de Flëss a Baache gesammelt goufen, leien elo hanner dem Gemengenatelier vu Keel. D‘Saache goufe gesënnert: Et fënnt een eng Hellewull un Objeten, déi absolut näischt an der Natur oder an de Gewässer ze dinn hunn.

De Buergermeeschter vun der Gemeng Keel, de Jean Weiler, war impressionéiert iwwer dat, wat alles gesammelt gouf:

“Et ass immens vill. An ech mengen, wann een och kuckt alleguerten déi Fläschen, déi Béchsen, dat si jo Saachen, déi esou am Alldag gebraucht ginn, an dat esou einfach dann entsuergt gëtt, einfach ewechgehäit gëtt. An de Baachen, mee dat fënnt ee jo och laanscht Autobunnen, laanscht Stroossen, iwwerall fënnt een dat, wou dat einfach esou (...) ouni ze iwwerleeën ewechgehäit gëtt.”

Et wiere Wäertstoffer, déi kënne recycléiert ginn.

"Wat geet am Kapp vir?"

Fonnt goufen op enger gesamter Gewässerlängt vun 78 Kilometer 5.600 Fläschen aus Glas oder Plastik a Béchsen. Dat wier am Duerchschnëtt eng Fläsch all 14 Meter. Donieft goufe méi ongewéinlech Saachen an de Gewässer fonnt, esou de Jacques Miersch vun der Flosspartnerschaft Uelzecht:

“Mir hunn hei e Stroosseschëld, mir hunn e Vëlo, mir hunn e Streckeisen, mir hu Spraydousen, mir hu vill, vill Kleeder, iwwerraschend vill Schong. Do muss ee sech jo awer dann iwwerleeën, dat kann een net mat der Loft verblosen, dat muss da vu Leit an d'Waasser gehäit ginn. Do stellt ee sech dann och d'Fro, wat geet do am Kapp vir?”

De Grand-Duché wäert EU-Reegelen net erfëllen

Lëtzebuerg misst enger EU-Direktiv no bis 2027 all d’Gewässer an engem gudden Zoustand hunn. Dat wäert een net kënnen erreechen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes (CSV):

“Mir mussen an de strukturéierten Dialog mat der EU-Kommissioun goen, wéinst der Net-Erfëllung vun der Waasserdirektiv a fir déi nächst sechs Joren ze plangen, awer och eis Waasserresilienz-Strategie, déi mir virum Summer wäerte presentéieren, wou et drëms geet dofir ze suergen, datt mir d'Drénkwaasserversuergung hei zu Lëtzebuerg wäerte garantéiere fir déi nächst Joerzéngten.”

Ee wichtege Projet wier och de "Renaturéierungsdësch", deen et soll erlabe méi séier kënnen ze handelen, esou nach de Minister Serge Wilmes. D’Renaturéierung wier wichteg am Kampf géint Iwwerschwemmunge mee och fir d’Biodiversitéit.

play_arrow Lauschteren