Parquet freet 7 Joer Prisong fir fréiere Fussball-Nationalspiller
Am Prozess um Dikrecher Geriicht géint den Theo Malget goufen de Moie siwe Joer Prisong fir de fréiere Fussball-Nationalspiller gefrot. Et léich am Ermiesse vun de Riichtere fir iwwer e méigleche Sursis ze entscheeden, esou de Vertrieder vum Parquet.
D’lescht Woch scho waren zwee Joer Prisong mat deelweis Sursis fir de Matugeklote gefuerdert ginn.
Den haut 65 Joer alen Theo Malget krut jo ënner anerem Fälschung, Bedruch a Verontreiung virgehäit. De fréiere Profi soll vun 2009 bis 2013, mat Hëllef vum Matbeschëllegten, eppes méi wéi eng Millioun Euro vu Privatleit verontreit hunn.