Déi grouss Majoritéit géif legal Geschäftsstrukturen notze fir hir Verbriechen ze decken. Zu den Aktivitéite gehéieren Drogenhandel, Cybercrime, Mënschenhandel a Geldwäsch.
Vill vun de Reseaue wiere relativ nei. Si géifen och ganz séier op Policeaktioun reagéieren a sech adaptéieren.