arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 78 Prozent vun den europäeschen Äerdbier si mat Pestizide kontaminéiert

Uebst

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

78 Prozent vun den europäeschen Äerdbier si mat Pestizide kontaminéiert

Enger internationaler Etüd no enthalen 78 Prozent vun europäeschen Äerdbieren aus dem konventionellen Ubau Pestiziden. Déi meescht ware PFAS, déi sougenannten Éiwegkeetschemikalien. Dat geet aus enger Etüd vum Pesticide Action Network PAN-Europe ervir.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/SEBASTIEN NOGIER
(Foto: EPA/SEBASTIEN NOGIER)

Bei der Organisatioun handelt et sech ëm een europäescht Netzwierk, an deem sech ënner anerem Ëmwelt- a Verbraucherschutzorganisatiounen zesummegeschloss hunn.

Konventionell ugebauten Äerdbieren aus insgesamt 11 EU-Memberstaate goufen op Pestizide getest. Ënner anerem an Däitschland an Éisträich waren all getest Äerdbiere mat PFAS-Chemikalie kontaminéiert. Am beschten hunn d’Äerdbieren aus Spuenien ofgeschnidden.

E cheemesche Cocktail, deen een op den Äerdbier erëmfënnt

Der Etüd no ass et besonnesch problematesch, datt beim Ubau vun Äerdbiere verschidde Chemikalien zesumme gemëscht ginn. Well et Regulatioune fir d’Benotze vun eenzele Pestizide gëtt, ginn der dacks e puer benotzt, wat dozou féiert, datt an 61 Prozent vun de getesten Äerdbieren e cheemesche Cocktail fonnt gouf. Dës Mëschunge kënnen zesumme grouss a geféierlech Quantitéiten erreechen, esou d'Claire Wolff vum Mouvement écologique.

"Zu de Pestizide selwer, déi nogewise waren, do waren zum Beispill Endocrindisruptoren. Dat heescht Wierkstoffer, déi wierklech eng Stéierung vum Hormonhaushalt verursaachen, déi am Fong scho misste verbuede sinn an déi awer nach ëmmer agesat ginn."

EU géif dem Marché fir Pestiziden nach entgéintkommen

D’EU géing net genuch maache fir d’Konsumenten ze schützen, et géing aktuell esouguer doru geschafft gi fir de Marché vu Pestiziden nach weider ze dereguléieren, kritiséiert de Martin Dermine, Direkter vu PAN-Europe:

"Dans les propositions de la Commission européenne, il y a vraiment une réduction du niveau de protection de la santé humaine et de l'environnement. Une des mesures les plus problématiques selon nous, c'est qu'actuellement les pesticides en Europe sont approuvés pour 10 ou 15 ans. Et ici, la Commission, ce qu’elle propose, c’est de donner des autorisations illimitées."

Äerdbieren aus Lëtzebuerg goufen am Kader vun der Etüd net ënner d'Lupp geholl, ënner anerem well den Ubau vun Äerdbieren zu Lëtzebuerg just minimal ausgebaut ass.

Mouvéco an Uebstbauer si sech net eens

Op d'Resultat vun der Etüd ugesprach, mengt de President vum Landesuebstbauveräin Jean-Claude Muller, dee selwer och Äerdbieren ubaut, datt d’Notze vu Pestizide bei där klenger lokaler Äerdbierrecolte manner e Problem wier. Gesprëtzt géif nëmmen ufanks beim Planzen, net op d’Uebst selwer.

Fir de Mouvement écologique ass dat keen Argument, well verschidde Pestiziden och direkt vun der Planz opgeholl géife ginn.

A biologeschem Ubau goufen an de getesten Äerdbieren iwwregens keng Spuere vu Pestiziden nogewisen.

play_arrow Lauschteren