search

/ 8 Doudeger an der Ukrain no russeschen Attacken, Explosiounen zu Kiew gemellt

Krich an der Ukrain

|
reading time

1 min

8 Doudeger an der Ukrain no russeschen Attacken, Explosiounen zu Kiew gemellt

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet gëschter eng imminent massiv russesch Attack virausgesot an effektiv huet Moskau d'Ukrain dës Nuecht nees ugegraff. Kiew mellt aacht Doudeger, dovun eng Persoun an der Haaptstad. D‘Awunner:inne vu Kiew goufen opgeruff sech a Sécherheet ze bréngen.

reading time

1 min

© EPA/Wojtek Jargilo
(Foto: EPA/Wojtek Jargilo)

Weider Attacke wiere méiglech. Dem Buergermeeschter Vitali Klitchko no géif et op e puer Plazen an der Stad brennen.

Ee Journalist vun der AFP confirméiert e puer Explosiounen zu Kiew. Am Weste vum Land, och wäit vun der russescher Grenz ewech, wieren e puer Dose Rakéitenugrëff gezielt ginn, an e puer honnert Dronenattacken, mellen ukrainesch Medien.

Den ukrainesche President Selenskyj war virgëschter zu Washington vum US-President Donald Trump empfaange ginn. D‘USA solle bereet sinn, der Ukrain d‘Autorisatioun ze gi fir selwer Patriot-Rakéiten ze produzéieren. Russland hat d‘Ukrain am Februar 2022 ugegraff.

Et gi quasi keng diplomatesch Beméiunge fir dem Krich en Enn ze setzen.