Radioen

On air

Notturno  |  Circle City Band - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 8 ONGe kritiséieren d'EU-Kommissioun wéinst dem Labbere vun Nohaltegkeetsreegelen

„Ondemokratesch an ontransparent"

8 ONGe kritiséieren d'EU-Kommissioun wéinst dem Labbere vun Nohaltegkeetsreegelen

8 ONGen hunn eng gemeinsam Plainte géint d‘EU-Kommissioun agereecht. Si kritiséieren déi "ondemokratesch, ontransparent an iwwerstierzten Aart a Weis" vun der Kommissioun beim Labbere vun Nohaltegkeetsreegelen.

auto_stories

1 min

Nohaltegkeet Illustratioun | © picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt
Nohaltegkeet Illustratioun (Foto: picture alliance / Panama Pictures | Christoph Hardt)

D‘EU-Kommissioun hat nämlech Enn Februar Propose fir eng Entschäerfung vun enger Partie Gesetzer gemaach, fir d‘Wirtschaft ze stäerken. Ënner anerem ass d‘Liwwerkettegesetz concernéiert.

D‘EU géif et enger klenger Grupp un Industrievertrieder erméiglechen, d‘Dereguléierung vu wichegen Nohaltegkeetsgesetzer virunzedreiwen, sou d‘Kritik.

Iwwer dës Labberungen decidéieren nach d‘EU-Parlament an d‘Memberstaaten. D‘ONGe ruffen dozou op, dës net matzedroen.