Den Ali Ruckert huet 50 vun deenen 80 Joer materlieft. Fir d'éischt als einfache Member vun der Redaktioun an zënter 1995 als Chefredakter.
D'Sproochrouer vun der Kommunistescher Partei
D’Zeitung ass am Fong déi lescht richteg Parteizeitung hei am Land. Et ass eng kommunistesch Zeitung, betount den Ali Ruckert, dee jo och President vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg ass.
“Et ass net d’Zentralorgan vun der kommunistescher Partei. Dat heescht, se kuckt dat, wat an der Welt an zu Lëtzebuerg geschitt aus engem gewësse Bléckwénkel, an da versicht se eeben hir Lieserinnen a Lieser hinnen Hannergrondinformatiounen ze ginn a se ze informéieren.”
Wort, Tageblatt a Journal sinn ëmmer méi op Distanz ganzen zu CSV, LSAP an DP – dat ass op d’mannst den Androck. Deen deelt den Ali Ruckert awer net ganz. Fir hie géing ee bei de Walen ëmmer nees mierken, mat wiem d’Zeitunge sympathiséieren. Do hätt sech an de leschte 50 Joer “net vill geännert”.
“Well et ass nach ëmmer esou, datt gewëssen Zeitungen déi eng oder aner Partei virzéien.”
D’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek wier d’Sproochrouer vun der KPL, déi als Partei awer net an déi journalistesch Aarbecht agräife géing, mierkt de KPL-President un.
Bis zu 10.000 Exemplairë pro Dag
D'Zeitung ass net aus dem Näischt entstanen. Et huet ee gewëssermoossen d'Relève iwwerholl vu kommunistesche Publikatioune vun der ‘Arbeiterstimme’ an duerno der ‘Volksstimme’, déi et als Wochenzeitung schonn an den 1930er Jore gouf an déi och direkt no der Befreiung 1944 nees erauskoumen.
“Nom Krich ass eeben, wéi d'Kommunistesch Partei grouss ugewuess ass, huet se iwwer 5.000 Membere kritt. Do waren natierlech d'Viraussetzunge vill besser, fir eng Dageszeitung ze maachen an dann eeben, wéi aus engem gewësse Bléckwénkel, och iwwer d'Evenementer zu Lëtzebuerg an am Ausland ze informéieren.”
Bis zu 10.000 Zeitunge sinn deemools pro Editioun verkaf ginn, erkläert den Ali Ruckert.
Vun esou Zuele kann een haut just dreemen. Well wann et eng Konstant an der Geschicht vun der Zäitung gëtt, da war et de Kampf ëm dat finanziellt Iwwerliewen.
Subventiounen aus dem Osten?
E Gerücht, wat sech laang gehal huet, war dat, datt een Sue vu Moskau, Ost-Berlin a Peking kritt hätt, fir d’Zeitung ze subventionéieren. Den Ali Ruckert stellt am 100,7-Interview awer kloer: Dat war ni de Fall.
“Ni hu mir do Sue kritt. Dat war och en Deel vun der anti-kommunistescher Propaganda wärend dem Kale Krich, dass d'Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek an d'kommunistesche Partei, déi géife vun der Russen oder vun der Sowjetunioun finanzéiert ginn, wat absolutt net gestëmmt huet.”
Och aner Länner hätten d’Zeitung ni mat Suen ënnerstëtzt.
Dem Chefredakter no wier deen Anti-Kommunismus awer souguer haut nach do.
Positiv Entwécklunge bei der Lieserschaft
Hie betount awer och, datt d’Lieserschaft an de leschte Joren nees geklomm wier. Am Secteur vun de Printmedien eng rar Entwécklung hautdesdaags. Et hätt een eng ganz Rei Ustrengunge gemaach, erkläert den Ali Ruckert.
“Mir si vläicht déi eenzeg Zeitung, déi systematesch informéiert, wann op Initiativ vun den de Gewerkschaften an de Betriber Kollektivverträg ofgeschloss ginn. Mir hunn also méi Leit haut, déi d'Zeitung abonéieren, déi aus de Beräicher vun de Gewerkschafte kommen, aus de Betriber kommen.”
Op där anerer Säit sinn Efforte gemaach gi fir déi kulturell Säiten an der Zeitung auszebauen. Esou hätt een eng ganz Rëtsch Lieser:inne bäigewonnen.
“Op där Schinn wëlle mir weiderfueren, besonnesch awer och am Fong dat Substantiellt, wéi mir eis gesinn. Dat zitt sech wéi roude Fuedem och ëmmer duerch d'Geschicht vun der Zeitung. Dat heescht, den Antifaschismus, den Antimilitarismus, fir soziale Fortschrëtt anzestoen.”
Kritik un der Sowjetunioun: En Tabu?
D'Zeitung ass an hirer ganzer Geschicht awer ni wierklech kritesch mam sowjettesche Regimm gewiescht, obschonn et do awer Saache gouf, déi och der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek warscheinlech net gefall hunn. War Kritik en Tabu?
Den Ali Ruckert betount, datt een als Zeitung ëmmer iwwer antikolonial Beweegungen, Beweegunge fir de Fortschrëtt, an och iwwer Revolutionär Beweegunge bericht hätt, “déi wollten eng Gesellschaft opbauen, déi iwwer de Kapitalismus erausgeet.”
Dat wier och vis à vis vun der Sowjetteschen Unioun de Fall gewiescht, déi ee “besonnesch ënnerstëtzt” hätt, seet den Ali Ruckert.
E grousse Grond waren déi sowjettesch Beméiunge fir eng atomar Ofrüstung.
"Vläit net ëmmer kritesch genuch"
Et huet een awer tatsächlech net ëmmer alles gutt fonnt.
“Effektiv stëmmt et, mir waren awer vläicht net kritesch genuch vis à vis vu verschidden Entwécklungen, déi et do gi sinn an déi da schlussendlech och derzou gefouert hunn, dass do vill Komplikatioune komm sinn, an datt an enger ganz Rëtsch vun deene Länner - an der Sowjetunioun, an der fréierer DDR, an aner Länner - konnten eng kapitalistesch Restauratioun stattfannen.”
D’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek kann och online consultéiert ginn.