arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ A Bulgarie gëtt den neie President an enger Stéchwal ermëttelt

Osteuropa

|
reading time

1 min

A Bulgarie gëtt den neie President an enger Stéchwal ermëttelt

Dat well am éischten Tuer kee vun de Kandidaten déi absolutt Majoritéit krut. Do huet iwwerraschend de fréieren Interimspresident Andrej Gjurow 31,9 Prozent vun de Stëmme kritt. Déi aktuell bulgaresch Presidentin Ilijana Jotowa koum op 35 Prozent.

reading time

1 min

Ilijana Jotowa | © EPA/BORISLAV TROSHEV
Ilijana Jotowa (Foto: EPA/BORISLAV TROSHEV)

D'Walbedeelegung war iwwerdeems immens niddereg: Just 22,2 Prozent vun de bulgaresche Walberechtegten hu sech bei d'Urn beweegt. Dat vläicht och, well de bulgaresche President vill manner Muecht wéi d'Parlament huet. Hien huet awer e Veeto-Recht fir Gesetzer aus dem Parlament.

Aktuell Presidentin géint Ex-Interim 

Bulgarien ass EU- an NATO-Member. Uganks dës Joers huet een och den Euro agefouert. Dat war awer net onëmstridden an och vu gréissere Protester begleet.

De 50 Joer alen Ekonomist Andrej Gjurow gëllt als kloer pro-westlech. Hie gëtt virun allem vum liberalkonservativen Oppositiounslager ënnerstëtzt, dat Reforme fuerdert. Hien huet déi aktuell Presidentin zu engem Debat opgeruff.

D'Ilijana Jotowa, hirersäits fréier Journalistin, verhält sech aussepolitesch éischter zeréckhalend.

Ukrainkrich spillt eng Roll

D'Ukrain ass just e puer honnert Kilometer vu Bulgarie fort. Iwwerdeems ware viru kuerzem véier Handelsschëffer virun der bulgarescher Côte vun Drone getraff ginn. 

Déi aktuell Presidentin setzt sech fir en Enn vum Krich duerch Verhandlungen an.