An der gemittlecher Stuff ass de Chrëschtbam fäerdeg gerëscht, d’Käerze sinn ugefaangen an um Dësch läit de beschten Zerwiss. Um Kapp vum Dësch, do wäert den Charles Dickens setzen, säin Numm steet nämlech um Teller. Esou kéint ee sech d‘Feierdeeg beim brittesche Schrëftsteller virstellen, deen am 19. Joerhonnert an dësem Londoner Haus gelieft huet.
D'Geschicht mam granzegen Ebenezer Scrooge
Haut ass dëst Gebai den Charles Dickens Museum, an hei gëtt och dëst Joer rëm säi Klassiker "A Christmas Carol" virgedroen. D‘Tickete ware séier ausverkaf.
De Schauspiller James Swanton spillt hei all d‘Charakteren aus dem Buch. Also och den Ebenezer Scrooge, ee knéckegen a granzege Mann, dee mat Chrëschtdag näischt um Hutt huet.
"If I could work my will, every idiot who goes about with 'A Merry Christmas' on his lips, would be boiled with his own pudding, and buried with a stake of holly through his heart."
D‘Feierdeeg si fir dësen Haaptpersonnage just eng Verschwendung vu senge Suen. Hie versteet de Sënn vum Feieren net, a Sue fir ee gudden Zweck wëllt hie scho guer net ausginn.
Theemen, déi och 180 Joer méi spéit eng Roll spillen
Mee Helleg Owend erschéngen him dann déi bekannt Geeschter. Et sinn d‘Ghosts of Christmas Past, Christmas Present an Christmas Yet to Come. An déi weisen him, wéi säi Verhalen d‘Leit ronderëm hie beaflosst. De Scrooge gesäit schliisslech an, datt hie säi Liewen ännere muss.
Dës Geschicht hat den Charles Dickens 1843 geschriwwen, als Kommentar iwwer d‘Aarmut an d‘Ongerechtegkeet am viktorianeschen England.
Datt dëst Stéck och haut nach esou populär ass wier, well dës Theemen ëmmer nach ganz relevant sinn. Dat fënnt eng Fra, déi op enger vun den Opféierungen am Charles Dickens Museum war.
"Et ass wéi ee Marathon ze lafen"
Fir den James Swanton ass dësen Optrëtt en intensive kierperlechen Asaz. Hie spillt eng Rëtsch u verschidde Figuren, vum granzege Scrooge bis hin zu de Geeschter an dem Tiny Tim, e klenge Jong. Mee well et esou kierperlech ass, wier et och einfach sech an déi verschidde Personnagen ze versetzen, seet de Schauspiller.
"Et ass esou vill Muskelgedächtnis involvéiert. Dofir weess ech, datt ech am Raum hin an hier sprangen, tëschent zwee Charakteren, déi eng Konversatioun hunn. Ech weess, wéi d‘Gesiicht vum Scrooge op mengem Gesiicht sëtzt. Wéi seng Lëpse sech beweegen a seng Nues méi laang gëtt. Dat physescht Element mécht et ganz einfach, ze verhalen."
Et bedeit dem Schauspiller vill, dat Stéck an deene Raim kënne ze spillen, an deenen den Dickens selwer gelieft huet. Et geréit awer och an den Hannergrond. Schliisslech spillt hien d‘Stéck 38 Mol bannent knapp dräi Wochen.
"Et ass wéi ee Marathon ze lafen an ech hunn déi ganzen Zäit richteg Angscht, och nëmmen eng kleng Erkältung ze kréien."
E modernt Märchen
Dem Charles Dickens seng Bicher hunn hien als Kand scho faszinéiert. Dës Opféierung géif hien als Schauspiller immens erfëllen.
"Den Dickens huet ee modernt Märche geschaf. Et gëtt Melodrama, Tragedie, Komedie, an d‘Mënschlechkeet ënnersträicht dat ganzt."
Fir den James Swanton wier et dat, wat dës Geschicht onstierflech mécht.