Well d’Oppositioun net däerf deelhuelen, ginn d’Parlamentswalen a Russland als onfair an als ondemokratesch kritiséiert.
Am Virfeld hat de russesche President d’Wieler opgefuerdert, mat hirer Bedeelegung un de Walen e Bäitrag zur Victoire vum Land ze leeschten: De Wladimir Putin erwaart sech, datt säi Krichskurs confirméiert gëtt.
D’Parlamentswalen a Russland gëllen deemno virun allem als e Referendum iwwer d’Suite vun der Invasioun, déi am Februar 2022 ugefaangen hat. Déi lescht Duma-Wale waren 2021.
Ronn 110 Millioune Russinnen a Russe sinn opgeruff, 450 Deputéierter fir d’Parlament zu Moskau ze bestëmmen.
Déi zéng Parteien, déi untrieden, gëllen als als kremlno an als Ënnerstëtzer vum Putin sengem Krich géint d’Ukrain.
Wale fannen och an der besater Ukrain statt
Trotz dem Protest vu Kiew gëtt eng éischte Kéier och an den Deeler vun der Ukrain gewielt, déi vu Russland kontrolléiert ginn. Datt och an den annektéierte Regioune gewielt gëtt, kritiséiert déi international Gemeinschaft als Verstouss géint d’Vëlkerrecht.
E richtege Walkampf a Russland gouf et net, trotz enger ganzer Partie Problemer, wéi eng héich Inflatioun, enger Bensinnskris an engem héije Budgetsdefizit wéinst de Käschte fir de Krich.
EU äussert Kritik
D‘Europäesch Unioun kritiséiert d'Ëmstänn, ënnert deenen a Russland d'Parlamentswale stattfannen. D'Wale fir déi russesch Staatsduma géifen déi ëmmer méi staark Erosioun vun der Demokratie am Land weisen, esou e Spriecher vun der EU-Kommissioun.
Déi russesch Autoritéiten hätten déi systematesch Repressioun weider verstäerkt, fir all demokratesch Oppositioun auszeschléissen, esou nach d‘Kritik.