Radioen

On air

Notturno  |  Badbadnotgood - I Don't Know Feat. Samuel T. Herring

play_arrow Live
search

/ Kee Sozialplang beim Grupp ING, Kritik vun de Gewerkschaften

ALEBA a LCGB

Kee Sozialplang beim Grupp ING, Kritik vun de Gewerkschaften

Beim Grupp ING hei zu Lëtzebuerg wier fir d’Joren 2024/25 kee Sozialplang virgesinn. Dat hunn déi béid Gewerkschaften ALEBA an LCGB matgedeelt, no enger Entrevue haut mat der Direktioun. D’Direktioun vun der Bank hätt bestätegt, datt fir de Moment och keng Entloossungen aus wirtschaftleche Grënn virgesi wieren. Eng Garantie fir d’Zukunft hätt een awer net kritt, bedaueren d’Gewerkschaften.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Serge Kesseler play_arrow
Foto: Serge Kesseler

Enn Mee hat ING Luxembourg confirméiert, datt zéngdausende private Clienten hir Konten zougemaach ginn. A weider Bankkonte sollen zougemaach ginn, hunn d’Gewerkschaften haut ugekënnegt, ouni eng Zuel ze nennen. 

Wéi geet et fir d'Personal weider?

Dat soll also kuerzfristeg net zu engem Sozialplang oder soss Entloossunge féieren, seet d’Maria-Helena Macedo vum LCGB.

D’Gewerkschaften hunn ugekënnegt, datt ING-Beschäftegter aus zum Beispill de Guicheten sech elo mussen ëmforméieren, well si aner Aufgaben an der Bank mussen iwwerhuelen. Dem Jean-Jacques Rieff vun der ALEBA wier bewosst, datt d'Personal sech doduerch géif onsécher spieren. 

"Wann d’Salariéen sech net sécher spieren, dann si Leit, déi gi fort. An oft ginn dann eben och déi Leit fort, déi dir net wëllt, datt si fort ginn."

De President vun der Personaldelegatioun Laurent Tresch huet confirméiert, datt scho Beschäftegter d’Bank ING fräiwëlleg verlooss hunn: eng Zuel huet hien awer net genannt. Iwwerdeems seet hien, datt net all Beschäftegter vun engem Métier zum anere bei der Bank kéinte wiesselen.

Auslagerungen an d'Ausland si méiglech

ALEBA an LCGB hunn nom Gespréich mat der ING-Direktioun gesot, datt et de Moment 64 oppe Plaze bei der Bank géife ginn.

D'ING beschäftegt de Moment eng 960 Leit Personal. Zesumme mat ënner anerem externe Leit wieren et 1.200 bis 1.300 Leit, esou de President vun der Personaldelegatioun.

D’Gewerkschafte maachen sech Suergen, datt weider Servicer bei der Bank an d’Ausland kéinten ausgelagert ginn.

Nodeem d’Bank ING ugekënnegt hat, hiert Geschäft mat private Clienten ze stoppen, hat d’Iwwerwaachungskommissioun CSSF ugekënnegt, d’Virgoe vun der Bank wëllen z’iwwerpréiwen. Wou dës Iwwerpréiwung drun ass, war haut net gewuer ze ginn: d’CSSF géif keng individuell Dossiere kommentéieren, huet et op Nofro geheescht.

Lauschterenplay_arrow