Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
search

/ AMMD: Käschte vun neier Gesondheetsapp gi vun der CNS iwwerholl

Santé

AMMD: Käschte vun neier Gesondheetsapp gi vun der CNS iwwerholl

Déi digital Applikatiounen, déi d’AMMD vun der Gesellschaft DHN Digital Health Network - déi si selwer gegrënnt hat - entwéckele gelooss huet, ginn elo vun der CNS iwwerholl. Dat hunn d’Dokteschassociatioun an d’Gesondheetskeess am fréien Owend matgedeelt.

auto_stories

1 min

DHN hat ënner anerem d’Gesondheetsapp mat der Méiglechkeet vun engem Remboursement accéléré vun Dokteschrechnungen developpéiert, an och un aneren digitale Solutioune geschafft, déi d’Relatioun tëscht Dokter a Patient méi einfach maache kéinten.

Déi Viraarbecht kann also elo vun der CNS opgegraff a weider entwéckelt ginn. Wéi vill d’Gesondheetskeess sech déi Operatioun kaschte gelooss huet, gëtt net am Communiqué preziséiert.