Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
search

/ Méi wéi d'Hallschent vun den Däitsche wënscht sech Neiwalen

ARD DeutschlandTrend

Méi wéi d'Hallschent vun den Däitsche wënscht sech Neiwalen

Dee Wäert geet aus dem neien ARD DeutschlandTrend ervir, engem Sondage, mat deem d’ARD zënter bal 30 Joer d’Zoustëmmungswäerter vun de Regierungen analyséiert. Allerdéngs hätten déi däitsch Wieler och un eng nei Regierung mat anere Parteien niddereg Erwaardungen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Deutschlandtrend | © ARD play_arrow
Foto: ARD

E knappt Joer huet d’Ampelregierung vun SPD, FDP a B90/Die Grünen nach viru sech. Enn September 2025 soll den neie Bundestag gewielt ginn. Wann d’Regierung vum Kanzler Olaf Scholz dann esou laang duerchhält. Well nodeems déi dräi Koalitiounspartner lo schonn zënter gutt zwee Joer virun allem matenee streiden a géintenee Politik schéngen ze maachen, hunn déi däitsch Wieler soulues d’Nues voll.

Nidderegst Wäerter zënter 2010

54 Prozent vun den Däitschen, also méi wéi all zweeten, schwätze sech am aktuellen ARD DeutschlandTrend fir Neiwalen aus. 41 Prozent vun de Befrote géifen der Regierung dogéint nach Zäit bis zum reguläre Waltermin d‘nächst Joer ginn. Fir de Sondage huet d’ARD Ufank dëser Woch méi wéi 1.300 Leit befrot.

A vun deene sinn der net méi vill mat der Regierung zefridden. Just 14 Prozent vun de Leit bewäerten d’Aarbecht vu Scholz, Habeck, Lindner a Co. positiv. Méi niddereg waren d’Zoustemmungswäerter fir eng Regierung zënter 2010 net méi. Besonnesch an d’Wirtschafts- an d’Finanzpolitik vun der Ampel hunn d’Wieler kee Vertraue méi. An dat wierkt sech och op déi zoustänneg Ministeren aus. Vun der FDP vum Christian Lindner an de Gréngen ëm de Robert Habeck sinn d’Leit méi enttäuscht wéi vun der SPD.

D'Unioun huet déi héchsten Zoustëmmungswäerter

Géif et an Däitschland zu Neiwale kommen, hätt den Ament d’Unioun vun CDU an CSU d’Nues vir. Si läit a bundeswäite Sondagë bei ronn 34 Prozent, dat wäit virun der AfD mat 17 an der SPD mat 16 Prozent. Eng Uniounsregierung hätt awer wuel net vill méi Support vun de Leit: Just knapps e Véierel vun de Befrote gëtt am DeutschlandTrend un, datt eng Regierung mat Uniounsbedeelegung d’Problemer an Däitschland besser kéint ugoe wéi d’Ampel.

Lauschterenplay_arrow