Deemno wieren eng ganz Rei vu strukturelle Problemer nach net geléist, wat den Accueil oder d‘Vulnerabilitéit betrëfft. Dobäi kéimen elo nei Reegelen déi d‘Mënscherechter géifen a Gefor bréngen.
Kritik um Filtrage a Festhale vu Mannerjäregen
Dozou gehéiert der Passerell no de Filtrage vun de Leit, déi hei ukommen. Dee soll jo am fréieren ADEM-Gebai oflafen. D’ASBL weist och drop hin, datt Mannerjäreg vu 16 Joer un no den neie Reegele kënne festgehale ginn. Déi nei Reegele géifen ëmmer méi a Richtung Repressioun a Juegd op Flüchtlinge goen, wéi se an den USA schonn d‘Reegel wieren sou nach d‘ASBL.