search

/ ASTI: Alphabetiséierung op Franséisch verstäerkt d'Chancëgläichheet

Reform

|
reading time

1 min

ASTI: Alphabetiséierung op Franséisch verstäerkt d'Chancëgläichheet

D‘ASTI begréisst de Gesetzprojet mat deem all d‘Grondschoule vun der nächster Rentrée u bei der Alphabetiséierung e Choix tëscht Däitsch a Franséisch sollen ubidden.

reading time

1 min

Dës Reform géif d‘Chancëgläichheet an de Schoule verstäerken, a wär e wichtege Fortschrëtt a scho laang iwwerfälleg. Eng Alphabetiséierung op franséisch géif der sproochlecher Diversitéit zu Lëtzebuerg, déi ëmmer méi grouss gëtt, gerecht ginn, schreift d‘ASTI an engem Communiqué. 

An der Chamber gëtt de Mëtteg iwwert dëse Gesetzprojet ofgestëmmt.