Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ASTI: Syrien ass nach ëmmer een onséchert Land

Asylprozeduren

ASTI: Syrien ass nach ëmmer een onséchert Land

D’ASTI gesäit et kritesch, datt Lëtzebuerg fir de Moment keng Entscheedungen an den Asyl-Prozedure fir Mënschen aus Syrien méi wëllt huelen. Grad wéi eng Partie aner EU-Staaten huet och Lëtzebuerg dës Decisioun geholl. Dat huet d’Generaldirektioun Immigratioun vum Inneministère um Dënschdegmoie matdeelt.

auto_stories

1 min

D’Motiver fir dës Decisioun geséich een net richteg, esou de Sérgio Ferreira vun der ASTI. Syrien wier nach ëmmer een onséchert Land an et misst een ofwaarden, wat elo geschitt.

"Par conter wat op d’mannst zu Lëtzebuerg net esou schlecht ass, dat ass datt – bis elo – souwäit mir wëssen, keng Responsabel, keng Regierungsmembere proposéiert, datt Syrier direkt zréck ginn, wéi dat an Éisträich schonn de Fall ass."

An Éisträich huet de Bundeskanzler ugekënnegt, datt ee Réckféierungs-Programm fir syresch Migrante soll ausgeschafft ginn. Mam Enn vum Assad-Regime géif fir Dausende Syrer:innen eng sécher Heemecht an d’Méiglechkeet fir ee Retour méi no réckelen, esou de Karl Nehammer.

Dem Sérgio Ferreira vun der "Association de soutien aux travailleurs immigrés" no, hätt Lëtzebuerg an de leschte Jore keng ofgeleenten Asyl-Demandeuren zréck a Syrien geschéckt. Et wieren awer e puer Leit fräiwëlleg dohinner zréck gaangen.