Kloer ass, datt déi nei Flott net méi zu Lëtzebuerg wäert enregistréiert ginn. A wéi engem Land dat an Zukunft wäert sinn, wier nach onkloer, heescht et. Gläichzäiteg bleift de Findel och an Zukunft eng wichteg Basis fir dës NATO-Kapazitéiten.
D'Allianz plangt, déi aktuell AWACS-Fligeren, déi zënter bal 40 Joer am Asaz sinn, duerch méi modern Maschinnen ze ersetzen. Eng definitiv Decisioun gëtt fir den NATO-Sommet am Summer erwaart.