arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Abrochserie: A Serbien gouf eng Persoun festgeholl an u Lëtzebuerg ausgeliwwert

Police mellt

|
reading time

1 min

Abrochserie: A Serbien gouf eng Persoun festgeholl an u Lëtzebuerg ausgeliwwert

D‘Police mellt e weideren Duerchbroch an Zesummenhang mat enger Serie vun Abréch hei am Land tëschent 2019 an 2022. A Serbien konnt elo eng Persoun festgeholl ginn an op Lëtzebuerg ausgeliwwert ginn. Si koum virun den Untersuchungsriichter an ass elo an Untersuchungshaft komm.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt
(Foto: picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt)

D‘Lëtzebuerger Police huet zesumme mat internationale Partner géint eng Tätergruppéierung aus Südosteuropa ermëttelt, déi zur organiséierter Kriminalitéit soll gehéieren an déi am Verdacht steet, fir eng ganz Rëtsch Abréch hei am Land responsabel gewiescht ze sinn.