Absence wéint Middegkeet bei Chauffeure soll keng Sanktioune méi mat sech zéien
D’Personalvertriedung vum Syndicat TICE begréisst, datt eng Absence wéinst Middegkeet bei Chauffeure keng disziplinaresch Konsequenze méi soll hunn. Dat hunn nämlech den Aarbechtsminister an d‘Transportministesch an hirer Äntwert op eng Question parlementaire kloergestallt.
Dat wier besonnesch relevant fir d’Chauffere vum TICE. Do goufen nämlech bis elo Absencen an Zesummenhang mat Middegkeet als absence injustifiée klasséiert. An Eenzelfäll hätt dat dozou gefouert, datt déi Betraffe Sanktioune kritt hätten.
D’Personalvertriedung vum TICE erwaart, datt dës kloer Positioun vun der Regierung och elo konsequent an der Praxis ëmgesat gëtt, schreiwe si an engem Communiqué.