arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Accord wëllt Inflatioun bremsen, Kafkraaft stäerken an de Mindestloun erhéijen

Tripartite

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Accord wëllt Inflatioun bremsen, Kafkraaft stäerken an de Mindestloun erhéijen

D'Regierung an d'Sozialpartner goufe sech op een Accord de principe eens. Deemno soll de Staat mat Steiergelder d'Inflatioun bremsen an d'Kafkraaft stäerken. Och e Kompromëss iwwer eng Erhéijung vum Mindestloun soll duerch ee Steierkredit méiglech ginn.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Pit Beffort
(Foto: Pit Beffort )

De Käschtepunkt beleeft sech éischte Berechnungen no bei 450 Milliounen Euro fir zwee Joer. De Premier wéi och d’Gewerkschafte schwätze vun engem Erfolleg.

Et hätt jidderee Waasser a säi Wäi geschott. No dräi Deeg Verhandlunge wier ee sech elo op de grousse Linnen eens ginn, esou de Premier Luc Frieden direkt no der Reunioun. Konkreet soll vum 1. Juni u mat engem Konjunktur-Steierkredit am Wäert vun enger Indextranche fir jiddereen d’Steierlaascht reduzéiert ginn.

Diesel, Bensinn, Masutt a Stroum gi subventionéiert

Am Beräich vun der Energietransitioun da ginn d'Hëllefen iwwer de Klimabonus Wunnen ausgebaut.

Zu de wichtegste Mesurë gehéieren och Präissubventiounen op Diesel, Bensinn a Masutt. Och um Stroum sollen d’Auswierkunge vun den héijen Energiepräisser op Stéit a Betriber limitéiert ginn, esou de Luc Frieden. 

"Et ass gutt, wann ee méi elektresch consomméiert wéi fossil Energien. An duerfir wëlle mir och eppes grad um Stroum maachen." 

Och um Haaptknackpunkt Mindestloun gëtt et en Accord. Bis den 1. Juli d’nächst Joer soll deen ëm 200 Euro netto an d’Luucht goen. Dës Erhéijung soll iwwer e Steierkredit finanzéiert ginn an deemno keng zousätzlech Belaaschtung fir d’Betriber duerstellen.

Eisen Informatiounen no soll de Crédit d’impot salaire minimum, deen haut bei 81 Euro läit, op ronn 180 Euro gehuewe ginn.

Gewerkschafte ginn nees an de CPTE

D’Gewerkschaftsunioun OGBL/LCGB weist sech zefridden, op all hire Fuerderunge wier een e gutt Stéck weiderkomm. Et wier een och bereet nees am Comité permanent du travail et de l'emploi matzeschaffen, well de Sozialdialog sech däitlech verbessert hätt, esou d’OGBL-Presidentin Nora Back.

"Haut si mir hei a mir kënne soen, en ass erëm op Schinnen, mir sinn erëm ukomm an engem Modell, wou mir am Sozialdialog matenee kënnen diskutéieren. Mir hu wierklech déi lescht Deeg ënner dräi gläichwäertege Partner mateneen op Aenhéicht, net nëmme geschwat an nogelauschtert, mee mir hunn och verhandelt." 

Och den UEL-President Michel Reckinger huet vun engem vill besseren Toun wéi nach virun engem Joer geschwat. Trotzdeem wier mat dëser Tripartite d’Kris net eriwwer.

Michel Reckinger: Kris wier net eriwwer

De President vum Patronatsverband huet gewarnt a verlaangt d’Indextranche missten esou wäit wéi méiglech no hanne geréckelt ginn. 

"Ech wëll awer och soen, datt mir domadder déi Kris net ewech geriet hunn. Mir sinn an enger fundamentaler Kris, déi d'Land esou an där Form, mengen ech, scho ganz, ganz laang net méi hat." 

E Comité de Suivi soll am Hierscht iwwer d’Ëmsetzung vun de Mesurë weider diskutéieren. Elo muss den Accord nach an den zoustännege Gremie vu Regierung, Gewerkschaften a Patronat am Detail beschwat ginn, éier en uganks d’nächst Woch ënnerschriwwe kéint ginn, esou nach de Luc Frieden.

play_arrow Lauschteren