arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Adria News Network, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, gëtt un ëmstriddene Fong verkaaft

Balkan-News-Reseau

|
reading time

2 min

Adria News Network, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, gëtt un ëmstriddene Fong verkaaft

D’Medienentreprise “United Group”, mat Sëtz zu Lëtzebuerg, huet d’Vente, déi fir Kritik gesuergt hat, confirméiert. De Reseau mat verschiddenen Tëleevisiouns-Chainen, Zeitungen an Online-Plattformen soll un “Alpac Capital” verkaaft ginn.

reading time

2 min

Logo vun ANN | © Foto vum Site
Logo vun ANN (Foto: Foto vum Site )

De Reseau mat verschiddene Medie vum Westbalkan "Adria News Network", déi hire Sëtz a Konzessiounen zu Lëtzebuerg hunn, gëtt elo effektiv verkaaft.

D'Kommunikatiounsentrepise "United Group", déi och hire Siège zu Lëtzebuerg huet, huet haut déi ëmstridde Vente confirméiert. De Reseau Adria News, zu dem verschidden Televisiouns-Chaînen an Zeitunge mat iwwer 1.000 Employéë gehéieren, gëtt un den Investment Fong "Alpac Capital" verkaaft. Dee Fong stoung an der Kritik, wéinst senge Liene mam fréieren ungaresche Premier Viktor Orban a Versich aner Medien, déi him gehéieren, politesch ze beaflossen.

Lëtzebuerger Medien-Autoritéite mussen nach tranchéieren

Alpac Capital hätt sech engagéiert, een neutralen, fakte-baséierte Journalismus mat deenen héichste journalistesche Standarden ze promovéieren, heescht et awer an engem Communiqué vun "United Group".

Déi Lëtzebuerger Autoritéiten mussen déi Ännerungen am Aktionariat vum Medie-Reseau "Adria News" gutt heeschen. Dat hat de Service des médias dem 100,7 des Woch confirméiert. Eng Evaluatioun géing awer eréischt da gemaach, wann eng formell Demande vum Concessionnaire virläit.

Eng 28 ONGe vum Westbalkan haten déi lescht Woch virun de Suitte vun der Vente gewarnt. Et bestéing de Risiko, datt déi leschten onofhängeg Medien an der Regioun ënner dem neie Besëtzer zensuréiert ginn.

Changementer wuel op politesch Demande geschitt 

E fréiere CEO vun United Group, den Dragan Solak, huet d'Vente als legal net valabel bezeechent. Dat, well eng Prozedur leeft, déi verschidden Actionnaire scho virdrun an d'Weeër geleet haten.

D'Aart a Weis, wéi dee Verkaf duerchgefouert gouf, géif de Verdacht renforcéieren, datt politesch Consideratiounen eng Roll bei deenen Decisioune gespillt hunn, esou den Dragan Solak an engem Statement.

D'Urgence vun der Vente géif dem Gespréich entspriechen, vun dem eng Opnam an der Presse publizéiert gouf, an deem den aktuellen CEO vun United Group versprécht, intern Changementer an der Entreprise mat Sëtz au Lëtzebuerg séier ëmzesetzen, nodeems de serbesche President Vucic sech dat explizit gewënscht hat.