arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Äerderwiermung bis Enn vum Joerhonnert bei 2,8 Grad amplaz envisagéierten 1,5 Grad

Klimawandel

|
reading time

2 min

Äerderwiermung bis Enn vum Joerhonnert bei 2,8 Grad amplaz envisagéierten 1,5 Grad

Bis un d'Enn vum Joerhonnert steiert d’Äerd op eng Erwiermung vun 2,8 Grad am Verglach zum vir-industriellen Zäitalter duer. Dee Bilan zitt d’UN. Domat kann déi vun de Paräisser Klimaziler envisagéiert maximal Äerderwiermung vun 1,5 Grad net agehale ginn. 

reading time

2 min

© Copernicus
(Foto: Copernicus)

All Brochdeel vun engem Grad iwwer 1,5 Grad verstäerkt de Risiko fir déidlech Iwwerschwemmung, Hëtztwellen a Bëschbränn, wei se dëst Joer vill Länner erlieft hunn, seet d’Direktesch vum UN-Ëmweltprogramm UNEP mat Sëtz a Nairobi, Kenia.

De Wäert vun 1,5 Grad war bei der Weltklimakonferenz COP21 zu Paräis am Joer 2015 gewielt ginn, well d’Suitte vum Klimawandel sech bei engem Iwwerschreide staark verschlëmmeren. Och wann all d’Länner hir Klimaschutzmesuren tatsächlech ëmsetzen, géif d’Äerd sech no der UN-Prognos ëm 2,6 Grad erwiermen.

USA a China Haaptverursaacher

Eng Verschlechterung nach géigeniwwer vun der Prognos vun zejoert. Der UN no läit dës Negativprognos virun allem un den USA. Ënner dem Donald Trump hunn déi hier Klimaschutzmesurë gekënnegt. Well d’Vereenegt Staaten no China de gréisste Verursaacher vun Zärenhausgasen sinn, droe si och erhieflech zu der Äerderwiermung bäi.

Eng Iwwerschreidung géif keng Kapitulatioun bedeiten. Et wier nach ëmmer méiglech, d’Erwiermung méi kleng an méi kuerz ze halen, an d'Temperature bis un d'Enn vum Joerhonnert erëm ënner 1,5 Grad bréngen, esou den UN-Generalsekretär António Guterres.

D'Direktesch vum d’UN-Ëmweltpogramm, d'Inger Andersen, sot, elo missten "all d’Register gezu ginn".

Net de Moment fir ze kapituléieren

Nëmme wann d’Emissioune vu schiedleche Gase gebremst ginn, da kéint d’maximal Erwiermung vun 1,5 Grad nach agehale ginn. Dofir missten awer d’Emissioune bis 2040 ëm Zweedrëttel reduzéiert ginn.

Et misst awer och mat neien Technologië grouss Quantitéiten un CO2 aus der Atmosphäre gezu ginn. Moossnamen, déi exterem komplizéiert sinn an deenen hir Ëmsetzung dowéinst onwarscheinlech ass.

D’UN geet dovun aus, datt all bis elo weltwäit envisagéiert Klimaschutzmesuren nëmme 15 Prozent vun de schiedlechen Emissioune reduzéiere géifen.

Am November trëfft sech d’Klimakonferenz COP31 an der Tierkei zu Antalya fir driwwer ze beroden, wéi d’Äerderwäermung an hir Suitten nach ze stoppe sinn.