De Clinton huet de Sexualverbriecher Epstein kannt, säin Numm a Fotoe mat him tauchen an den Epstein-Dokumenter op.
"Onseriö Clownennummer"
Dem Clinton seng Fra, déi fréier amerikanesch Ausseministesch Hillary Clinton, hat gëschter sechs Stonne laang Aussoe virun enger Enquêtëkommissioun gemaach.
Si sot, si kéint sech net drun erënneren, dem Epstein selwer eng Kéier begéint ze sinn. Demokraten an der Kommissioun hunn de Republikaner virgeheit, hei e "politeschen Theater" ze maachen, an eng "onseriö Clownennummer" ze spillen.