arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Fridman: Regierung probéiert ze berouegen - LSAP schwätzt vun Erpressung

National

|
reading time

3 min

Affär Fridman: Regierung probéiert ze berouegen - LSAP schwätzt vun Erpressung

Nodeems de Michail Fridman den 23. September vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach gi war, ass nach ëmmer net gewosst, ob de russesch-israeeleschen Oligarch seng juristesch Demarchë géint Lëtzebuerg stoppt. Den Objet vun der Klo wier fort, huet de Premier Luc Frieden haut erkläert.

reading time

3 min

De Mikhail Fridman 2019 | © EPA/PAVEL GOLOVKIN
De Mikhail Fridman 2019 (Foto: EPA/PAVEL GOLOVKIN)

Der Regierung hir Affekote wiere chargéiert fir ze kucken, wat déi nächst Schrëtt sinn, esou nach den CSV-Premier no der aussepolitescher Chamberkommissioun de Moien.

Den Ausseminister Xavier Bettel (DP) wollt d’Fro net beäntwerten, ob et duerch dëse Fall een Imageschued fir Lëtzebuerg gëtt. De Michail Fridman wier net deen Éischte gewiescht, dee vun der Sanktiounslëscht erof geholl gouf, huet de Xavier Bettel betount.

De Premier Luc Frieden huet d'Situatioun esou resuméiert.

"Domat ass een Damoklesschwäert vu Lëtzebuerg ewech geholl ginn. Dat ännert näischt un eiser Attitude par rapport zur Ukrain."

"Séiz een tëschent zwee Still"

Et wier net vun der Hand ze weisen, datt d’Decisioun op verschiddene Plazen net ganz gutt opgeholl gi wier, esou den DP-Deputéierte Gusty Graas.

"Ech verstinn, datt vläicht eng gewëssen Enttäuschung bei der Ukrain do ass. Op där anerer Säit hoffe mir awer och, datt si Verständnis hunn."

Et wier keng glécklech Decisioun, gëtt den DP-Deputéierten zou, mee et séiz een tëschent zwee Still.

"Mir musse just hoffen, datt se net ze vill Schued op där enger Säit hannerléisst. (...) Ech géif net vun engem Imageverloscht fir eist Land schwätzen, dat net."

Lëtzebuerg hat sech dofir agesat, datt de Michail Fridman vun der EU-Sanktiounslëscht geholl gi war. Hannergrond ass, datt hien de Grand-Duché op ronn 15 Milliarden Euro verklot hat, well säi Verméigen hei am Land agefruer gi war.

Sozialisten a Lénk gesinn et ganz problematesch

Dat wier eng "ganz problematesch Decisioun" vu Lëtzebuerg, esou den LSAP-Deputéierte Franz Fayot.

"Well mir engersäits weisen, datt mir erpressbar sinn. Dat ass och kee gutt Signal fir eis Finanzplaz, well mir wëssen, datt mir ganz vill där Entrepreneuren hunn à la Fridman, déi eis kënne menacéiere mat enger Plainte oder engem Arbitrage an da gesinn, datt mior aknécken."

De lénken Deputéierten David Wagner säi Constat ass esou ausgefall:

"Mir liewen an enger Welt, wou e Kapitalist ee Land kann ënner Drock setzen."

Sam Tanson gesäit Schued u Bezéiung mat der Ukrain

Déi gréng Deputéiert Sam Tanson gesäit d'Lag méi kritesch, wéi de Premier Luc Frieden, besonnesch wat d'Ukrain ugeet.

"Wat de Sanktiounsmechanismus ubelaangt oder d’Positioun vis-à-vis vun der Ukrain, do si si der Meenung, datt dat kee Schued mat sech bruecht huet. Ech deelen dat net."

Fred Keup versteet d'Opreegung net

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet gesot, hie géif d’Opreegung vun déi gréng an der LSAP an dësem Fall net verstoen.

"Et geet hei ëm eist Land, et geet ëm de Schutz vun eisem Land, et geet ëm vill Milliarden. A mir musse kucken, datt mir eist Land schützen. An dat huet d’Regierung och hei gemaach. An dat ass eng gutt Saach."

Dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot seng Reaktioun op dem Fred Keup seng Ausso ass doropshin däitlech ausgefall.

"Dat wonnert mech net. Déi Rietsextreem si jo ganz kloer d’Alliéiert vun de Russen an och vun den Affairisten."

Dofir géif et de Sozialist och net wonneren, datt de Fred Keup esou eppes soe géif.