arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alain Massen: Projet Alpha ass eng "kulturell Revolutioun" fir Lëtzebuerg

Elterevertriedung

|
headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow

Alain Massen: Projet Alpha ass eng "kulturell Revolutioun" fir Lëtzebuerg

Den Alain Massen, Psychotherapeut a Papp vu véier Kanner, war 6 Joer laang President vun der nationaler Elterevertriedung. Eng Organisatioun, déi hautdesdaags eng wichteg Roll spillt, obwuel se eréischt viru 6 Joer gegrënnt gouf.

headphones

3 min

headphones

11 min

play_arrow
Den Alain Massen | © Jo Diseviscourt
Den Alain Massen (Foto: Jo Diseviscourt)

No zwee erfëllte Mandater dierf den Alain Massen net méi fir de Poste vum President vun der nationaler Elterevertriedung untrieden. 6 Joer op deem Poste wieren och genuch, mengt hien am 100,7-Interview. Et misst ee vill Zäit an Energie an dës Aufgabe setzen, an d’Famill an d’Aarbecht kéimen dann och mol ze kuerz.

Den Alain Massen seet och, datt elo Zäit wier fir nei Iwwerleeungen an Approchen. Hie wéilt awer weider Member bleiwen a weiderhi säi Pefferkär bäileeën.

En "ebenbürtege" Partner

Am 100,7-Interview huet den Alain Massen op seng 6 Joer als President zeréckgekuckt a festgestallt, datt et am Ufank ganz schwiereg war eppes ze beweegen. Dat louch virun allem un der Covid-Pandemie.

“Iwwer 2 Joer laang hu mir eis als Gremium praktesch net gesinn, an et gouf just de Covid als Theema.”

Vun der zweeter Mandatsperiod un hätt een awer ugefaangen op ville Fronten ze schaffen. Elo wier een um Punkt, wou praktesch keng Projete méi gemaach géife ginn, ouni datt de Ministère aus Reflex d’Elterevereenegung freet.

Den Alain Massen betount, datt et eng grouss Unerkennung wier, esou een "ebenbürtege Partner" am Schoulsystem ze sinn.

Projet Alpha eng "kulturell Revolutioun"

D’Elterevertriedung huet sech och intensiv fir de Projet Alpha agesat. D’Optioun, d’Alphabetisatioun op Franséisch ze maachen, leeft jo vun der nächster Rentrée un am ganze Land un.

Kritik kënnt vun den Enseignantsgewerkschaften déi soen, datt Personal- a Logistikfroen nach net gekläert wieren.

Den Alain Massen beschreift de Projet Alpha als "kulturell Revolutioun fir Lëtzebuerg", déi "dréngend noutwenneg" gewiescht wier. Ëmmerhi schwätze 50 Prozent vun der Bevëlkerung weder Däitsch nach Lëtzebuergesch. Och am Alldag géing déi däitsch Sprooch just nach seele benotzt ginn. Dofir wier de Projet "absolut noutwenneg fir Chancëgläichheet ze garantéieren", esou den Alain Massen.

Den Nach-President vun der Elterevertriedung gëtt allerdéngs och zou, datt d’Ëmsetzung net einfach wäert sinn. Schwieregkeete misst een dann "en cour de route" léisen.

Klassesche System net vernoléissegen

D’Enseignantsgewerkschaft vun der CGFP, d’FÉDUSE, huet rezent och Kritik un den ëffentlechen Europaschoule geäussert. Am Avis zu enger 7. Europaschoul hu si geschriwwen, datt den Educatiounsminister "blannemännerches eng Parallelwelt zum traditionelle Schoulsystem" weiderdreiwe géing.

Och d’Elterevertriedung hat Iwwerleeungen an eng änlech Richtung geäussert, esou den Alain Massen. Fir hie sollt e Maximum an de klassesche System investéiert ginn, an Europaschoulen net "iwwerausbauen".

Vertriedung méi divers opstellen

Am lëtzebuergesche Schoulsystem ginn et ëmmer méi Systemer a Filièren. Et ass also och net einfach fir e gemeinsamen Nenner tëschent alle Memberen ze fannen. Am Gremium vun der Elterevertriedung setzen 12 Leit, déi Récksprooch mat 110 regionale Vertrieder:innen huelen. Da kommen nach iwwer 1.000 lokal Vertrieder:innen dobäi. Alleguer setze si sech fir d’Intresse vun iwwer 200.000 Elteren an.

Et wier dem Alain Massen no immens wichteg, datt d’Elteren de Courage an den Interessi hätte fir sech bei hinnen ze mellen. Vill Leit hätte Bedenken oder souguer Angscht, datt zum Beispill just Lëtzebuergesch geschwat géing ginn. D’Sprooch sollt awer keen Hindernis sinn, betount den Alain Massen.

Och wieren et dacks just Vertrieder:innen aus der Mëttel- oder Uewerschicht. Et sinn awer meeschtens d’Kanner aus den anere Schichten a Verhältnisser, déi am meeschten ënner dem aktuelle System leiden. D’Elterevertriedung also méi divers opzestelle gesäit den Alain Massen als eng grouss Aufgab fir d’Zukunft.

Eng dysfunktional Famill

Divers sinn och déi verschidde Funktiounen a Beruffer, déi een am Schoulsystem fënnt. Aktuell wier de System wéi eng "riseg Famill, déi awer dysfunktional ass”", mengt den Alain Massen. Et géing vill Mësstrauen herrschen a jidderee géing awer mengen, "Expert an allem" ze sinn. Och dat misst sech an Zukunft besseren.

 

play_arrow Lauschteren