D‘Zäregaser an der Atmosphär, déi duerch d‘Mënsche fräigesat ginn, hätten den héchsten Niveau zënter op d‘mannst 800.000 Joer erreecht. Déi doduerch verursaacht Äerderwäermung géif sech besonnesch an de Mierer weisen. Deenen hir Temperatur hätt sech zënter 1960 méi wéi verduebelt.
UNO schwätzt vun Noutstand
D‘vereenten Natioune schloen Alarm. D‘Quantitéit un Hëtzt, déi sech op der Äerd accumuléiert huet, huet d‘lescht Joer ee Rekordniveau erreecht. D‘Weltklima wier an engem Nout-Zoustand. All déi Haapt Klima-Indicateure wieren am roude Beräich, esou den Antonio Guterres bei der Publikatioun vum Rapport zum Theema vun der Weltmeteoorganisatioun (WMO).
Zu deenen Indicateuren zielt elo fir d‘éischte Kéier och d‘Ongläichgewiicht tëschent wéi vill Hëtzt d‘Äerd duerch d‘Sonn ophëlt a rëm ofgëtt. Dat Gläichgewiicht gëtt duerch d‘Hausse vun der Konzentratioun un Zäregasen an der Atmosphär gekippt.
Hëtze-Rekorder ginn ëmmer nees gebrach
D‘WMO confirméiert, datt d‘Period tëschent 2015 an 2025 déi 11 wäermste Joren zënter dem Ufank vun den Opzeechnunge gewiescht wieren. 2025 war mat enger Hausse vun 1,4 Grad dat zweet oder drëtt-wäermst Joer, jee no Berechnung.