Aktuell läit d‘Partei a Sondagë bei 18 – 19 Prozent - un zweeter Platz, hanner den Uniounsparteien, déi bei bis zu 33 Prozent leien. Dat gutt Resultat an de Sondagë géif hinnen en Regierungsoptrag ginn, sot d‘Weidel um Samschdegmoien. An awer ass déi Kandidatur éischter symbolesch. D'AfD dierft wuel no der Wal am Februar kee Koalitiounspartner fannen.