An zwar op déi 41 Joer al US-amerikanesch Ikon Lindsey Vonn.
Den Dram vum Gold
Déi als Lindsey Kildow gebuere Sportlerin ass e Superstar vum alpine Schi. Véiermol huet si de Gesamt-Weltcup gewonnen, an de Wanteren 2007/2008 bis 2009/2010 esouguer dräimol hannereneen.
An der Descente huet si viru 16 Joer a Kanada olympescht Gold gewonnen, virun 8 Joer a Südkorea nach emol Bronze. Elo ass et, no engem Comeback an der viregter Saison, hire groussen Dram, nach emol Gold bei Olympesche Wanterspiller ze gewannen.
Do virdru war si fënnef an en halleft Joer an der sportlecher Pensioun, eng Éiwegkeet.
Kräizbännerrëss hält si net zeréck
Sollt d’Lindsey Vonn haut um ieweschten Träpplek stoen, da wär dat d’Kréinung vun enger aussergewéinlecher Karriär.
Mee, wéi sou dacks beim Lindsey Vonn, geet et net ouni Drama. Beim ëmstriddene Weltcup, d’lescht Woch, zu Crans-Montana an der Schwäiz huet sech d’Ausnameathletin nämlech ënner anerem e Kräizband gerass.
Mee d’Lindsey Vonn wär net d’Lindsey Vonn, wann d’Amerikanerin dowéinst d’Handduch geheie géif. Hei eng Ausso vun hir vun e Mëttwoch.
"Ech hu grousst Vertrauen a mech. Et ass mir egal, wa jidderee mengt, datt ech dat ouni Kräizband vläicht net packe kann. Ma ech wäert mäi Bescht ginn. Ech liewen nach ëmmer mäin Dram."
D’Lindsey Vonn dierft haut un den Depart goen, ausser hire medezinesche Staff hätt eppes dogéint. Da wär dee wuel hire medezinesche Staff gewiescht.
Wann hir Chancë vläicht och net méi déi selwecht si wéi viru Crans-Montana, wäert d’Amerikanerin, wa si nëmmen 1 Prozent Chance op eng Medail huet, deen 1 Prozent notzen.
"Ech ginn net op, et ass nach net eriwwer."
Sot eent vun de Gesiichter vum alpine Schi en Dënschdeg. Hir Géignerinne si gewarnt.
Vun hallwer 12 u geet et ëm Medailen, wuel mat der 41 Joer aler Amerikanerin.