Ugangs der Woch huet d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro Zuelen zu den Aggressioune géint Beamten am ëffentlechen Transport genannt. Am Joer 2025 si 548 Virfäll gemellt ginn.
D’Donkelziffer ass a Wierklechkeet awer méi héich, betount d’Mylène Bianchi, Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux.
Zuele sinn ëm 30 Prozent an d'Luucht gaang
Zënter 10 Joer erfaasst d’CFL dës Zuelen. Mëttlerweil gëtt dat net méi just fir den Zuchtransport gemaach, mee fir de ganzen ëffentlechen Transport.
Wat an der Äntwert vun der Yuriko Backes allerdéngs net ernimmt ginn ass, ass d’Progressioun vun dësen Zuelen. Vun 2024 op 2025 sinn d’Aggressioune géint d’Mataarbechter:innen ëm 30 Prozent an d’Luucht gaang.
Dat huet och net mat der Zuel vu Passagéier ze dinn, déi bei der CFL wiisst, erkläert d’Mylène Bianchi. Déi ass vun 2023 op 2024 ëm 8,5 Prozent eropgaang, a vun 2024 op 2025 just ëm 0,8 Prozent.
Et brauch dacks net vill fir datt et eskaléiert
D’Mylène Bianchi, déi hir Gewerkschaft och am Comité de pilotage pour la sécurité dans les transports publics vertrëtt, erkläert, datt de Gros vun den Aggressioune verbal Menacen a Beleidegunge sinn.
Den Zuchbegleeder ass de Chef u Bord. Hien huet d’Sécherheet vun de Passagéier ze garantéieren, mee kuckt och nom Ordre public. Wann also Leit gewësse Reegelen net anhalen – de Klassiker ass d’Féiss op de Sëtzer – ass et seng Aufgab, d’Passagéier dorop opmierksam ze maachen.
Dat géing dacks schonn als Ausléiser duergoen, fir datt sech eng Situatioun héichschaukelt, seet d’Mylène Bianchi.
Et kënnt awer och mol zu physeschen Aggressiounen, déi bis hin zu Coups avec blessures ginn.
Vun Zivilcourage ass keng Spuer
Déi meescht Tëschefäll geschéien awer net spéit owes, wann d’Zich eidel sinn, mee zu de Stousszäiten tëschent 15 an 19 Auer.
“Dat ass déi Zäit, wou vill Leit den ëffentlechen Transport huelen. Vill Schüler och, Leit déi an engem Horaire mobile schaffen. Wa vill Leit openee sinn, da mënschelt et.”
Virun allem géing ee mierken, datt d’Zündschnouer vun de Leit zënter der Corona-Pandemie vill méi kuerz ginn ass, mengt d’Mylène Bianchi. Bei Verkéiersstéierungen, Verspéidungen oder Zuchausfäll wier d’Situatioun séier opgehëtzt.
Wann esou Incidenten zu de Spëtzestonne geschéien, sinn och vill Leit ronderëm. Vun Zivilcourage wier awer dacks keng Spuer, seet d’Mylène Bianchi.
“D’Zivilcourage ass net méi esou ausgepräägt bei de Leit. Een Deel dréit d’Musek méi haart, een anere kuckt nach méi op den Handy. Anerer wiesselen d’Voiture. Zivilcourage gëtt et leidergottes net ganz vill.”
Speziell Formatioune fir d'CFL-Personal
Och den Harcèlement sexuell huet zougeholl, besonnesch natierlech bei weibleche Mataarbechterinnen. Hei sinn d’Fäll vun 2 op 16 geklomm.
E klassescht Täterprofil gëtt et iwwerdeems net, esou d’Gewerkschaftlerin. Leit am Grupp géinge sech natierlech ëmmer méi staark fillen, mee déi physesch Aggressioune gi meeschtens vun Eenzeltäter aus.
Bei der CFL ginn d’Mataarbechter:inne speziell forméiert, fir op esou Fäll virbereet ze sinn.
“Wéi ginn ech a Konfliktsituatiounen ëm? Wéi kommen ech aus quokelege Situatiounen eraus? Wéi ass meng Kierpersprooch?”
Guer net agräife wéilt een net. Dat wier net mat der Deontologie vum Beruff vereinbar, seet d’Mylène Bianchi. Dobäi kéim de Stolz vum Beruff.
Ëmmer méi dacks Sträit ënner de Passagéier
Iwwerdeems hunn d’Sécherheetsvirkéierungen an de leschte Jore bäigeholl. An den Zich ginn et iwwerall Kameraen, an déi meescht Busser hu mëttlerweil eng zoue Chaufferskabinn.
Och ass en neie Gesetzesprojet ënnerwee am Beräich Sécherheet. Dëse wäert fir méi Kloerheet suergen, hofft d’Mylène Bianchi. Mee:
“E Gesetzestext a Strofmooss ass ëmmer just esou gutt wéi och d’Kontroll vun deem System ass.”
Et ass awer net just tëschent Passagéier a Mataarbechter:innen, wou et alt mol méi héich hiergeet. Och tëschent Passagéier “geet et heiansdo ganz rau erof”, seet d’Mylène Bianchi. Déi Incidente sinn ëm 10 Prozent an d’Luucht gaang. Do kéim et och méi dacks zu Coups avec ou sans blessures.
Een Trend, deen een och am Ausland observéiert. Hänke bliwwen ass do sécherlech den trageschen Doudesfall vun engem Zuchkontroller am Saarland.