Am Classique sollen de Kanner an der neier Sektioun P, d'Wëssenschaft vum Mënsch a wëssenschaftlech Fuerschung nogeluecht ginn. D'Sektioun R mam Schwéierpunkt Politik gëtt dëst Schouljoer just am Athenée ugebueden. Am Technik kommen zwou nei Sektiounen. Eng Sport an Technologie an eng Sciences naturelles. D'Schoulflicht bis 18 Joer soll eréischt an dräi Joer, also fir d'Rentrée 2026 kommen, sou de Claude Meisch.
Am Général gëtt eng nei Sektioun zu Technologie a Sport am Nordstad-Lycée an am Fieldgen ugebueden. Am Lycée Josy Barthel zu Mamer ass eng nei Sektioun fir Naturwëssenschaften opgemaach ginn. Och nei Beruffsausbildungen am soziale Beräich an eng Technikerausbildung mat Fokus op Elektromobilitéit.
Claude Meisch: Schwaarz Flecken am Bildungssystem ausfëllen
An der neier Sektioun P soll de Kanner wëssenschaftlech Fuerschung nogeluecht ginn. Ageschriwwe si 54 Schüler am Lycée um Belval, zu Dikrech an dem Jongelycée an der Stad. Mat neie Sektioune wéi dëser wéilt ee schwaarz Flecken am Bildungssystem ausfëllen, sou de Claude Meisch.
De Ministère hätt festgestallt, datt vill Jonker sech an entspriechend Studiëgäng ageschriwwen hätten an datt si am Lycée kaum eng Méiglechkeet kritt hätten, fir sech drop ze preparéieren.
"Mir hunn och festgestallt, dass Jonker, déi an déi dote Richtung studéiere gaange sinn, Perspektiven dono um Aarbechtsmarché hunn. Dat huet sech sou am Laf vun der Zäit entwéckelt, wann een d’Stellenangeboter kuckt. Do gesi mer, dass ee grousse Besoin ass."