Mataarbechter:inne bei Amazon um Kierchbierg géifen deels bis zu 80 Sonnen d’Woche schaffen, esou d'Ausso vum Gary Diderich (déi Lénk). Dat ouni datt Iwwerstonnen opgeschriwwe géife ginn. Och wiere Feierdags-Stonnen net richteg ausbezuelt ginn.
Héich Entschiedegunge fir datt Leit ginn
De Gary Diderich gesäit e weidere Problem. Den amerikaneschen Tech-Betrib géif sech och net un de Sozialplang halen, dee viru knapps eng Joer ausgehandelt gouf.
"A la fin du compte ginn ëmmer Leit aussortéiert, ganz vill iwwert e 'mutual agreement', wou héich Abfindunge bezuelt ginn."
Dës Prozedure wieren eng Aart a Weis fir de Plan social ze ëmgoen. Amazon hat viru knapp engem Joer e Sozialplang ënnerschriwwen. 370 Leit ware betraff.
"Do gëtt dann och am Fong en Dispositif hei vu Lëtzebuerg ëmgaangen, wat de Plan social jo awer ass a wou een awer e bësse mengt, et géif de Geck mat engem gemaach ginn."
Enquêtë lafen nach
Den Aarbechtsminister Marc Spautz (CSV) huet drop verwisen, datt och d‘Anhale vum Sozialplang vun der ITM gepréift gëtt. Betriber missten och dem Gesetz no en Aarbechtszäit-Regëster féieren.
Esou laang d’Enquêtë bei der Aarbechtsinspektioun lafe kéint hien awer keng weider Aussoen zu dësem Sujet maachen. Amazon ass mat senge ronn 4.500 Mataarbechter den drëtt gréisste privaten Employeur hei am Land.