arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amazon huet d'lescht Joer 1,8 Milliarden Euro zu Lëtzebuerg investéiert

Onlinehandel

|
headphones

1 min

Amazon huet d'lescht Joer 1,8 Milliarden Euro zu Lëtzebuerg investéiert

D'Firma Amazon huet hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg a beschäftegt 4.250 Persounen. Gréisstendeels sinn et héich qualifizéiert Posten. D’Online-Verkafsplattform Amazon huet sech an de leschten 20 Joer zu Lëtzebuerg wesentlech entwéckelt

headphones

1 min

Amazon | © Foto: Jonathan Weiss / Bigstock
Amazon (Foto: Foto: Jonathan Weiss / Bigstock)

Der neier Vizepresidentin vum Amazon EU-Geschäft no hätt de Betrib mat hiren Aktivitéiten direkt an indirekt 10.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschaaft.

Zejoert hätt Amazon zu Lëtzebuerg 1,8 Milliarden Euro an Infrastrukturen a Remuneratiounen investéiert. Dat hätt een Impakt gehat vu 700 Milliounen op de Lëtzebuerger PIB, huet d’Mariangela Marseglia, Vizepresidentin vun Amazon Euvirun der Press preziséiert.

D’Firma déi zënter 2003 hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg huet, an och wéilt hei bleiwen hätt bannent deene leschten 10 Joer am Ganzen 10 Milliarden am Land investéiert an hätt iwwert déi Period 3,5 Milliarden zum Lëtzebuerger PIB bäigedroen.

150 Lëtzebuerger Betriber exportéieren hir Wueren weltwäit. Zejoert hunn déi kënnen an Héicht vun iwwert 40 Milliounen exportéiert.