An den USA sollen d'Mataarbechter:innen 90 Deeg Zäit kréien, fir intern eng nei Plaz ze fannen. Grond fir d'Entloossunge wier d'Kënschtlech Intelligenz, déi ëmmer méi an der Administratioun agesat gëtt.
Am September 2025 hat Amazon weltwäit 1,58 Millioune Mënschen agestallt.
Lëtzebuerg wier vun dëser zweeter Entloossungswell net betraff. Am Dezember war ugekënnegt ginn, datt hei am Land 370 Aarbechtsplazen suppriméiert géife ginn. Dobäi soll et bis op Weideres bleiwen, huet e Spriecher vun Amazon eis confirméiert.