arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Amnesty International wërft Israel "ethnesch Botz" am Westjordanland vir

ONG

|
reading time

1 min

Amnesty International wërft Israel "ethnesch Botz" am Westjordanland vir

Amnesty International huet Israel ethnesch Botz am Westjordanland virgehäit. Beduinen an d‘Wanderhirten géife systematesch aus dem Land verjot ginn an hir Liewensgrondlag zerstéiert ginn.

reading time

1 min

E Konvoi vun israeelesche Militärgefierer am Westjordanland | ©  EPA/ALAA BADARNEH
E Konvoi vun israeelesche Militärgefierer am Westjordanland (Foto: EPA/ALAA BADARNEH)

Et wier e Verbrieche géint d‘Mënschlechkeet an déi international Communautéit misst reagéieren ier d‘Westjordanland komplett vun Israel géif annektéiert ginn. Am neiste Rapport zielt d‘ONG 27 Communautéiten, déi an de leschten 3 Joer aus dem Land forcéiert goufen.