An England an a Wales sinn d‘Prisongen ze kleng: Neie Plang suergt fir Diskussioune
Den Ament ginn et 87.000 Prisonnéier an nëmme méi 2000 disponibel Plazen. D‘Regierung vum neie Premier Andy Burnham huet iwwert de Summer ee Programm ausgeschafft, fir d'Prisonnéier fréizäiteg eraus zeloossen an esou Plaz an de Prisongen ze maachen. Ee Programm, dee fir vill Diskussioune suergt.
Den HM Prison Leicester am Norde vun England ass, wéi vill aner Prisongen a Groussbritannien, zënter laangem iwwerlaascht. (Foto: Claire Barthelemy)
D‘Ausliwwere vun auslännesche Kriminelle gouf och envisagéiert, mee dofir sinn international Ofkommes néideg. Grad ewéi eng Garantie, datt d‘Strof och a Länner, an deenen de Justizsystem komplett aneschtes ass, dann ofgesat gëtt.