Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Whispers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waasserverwaltung warnt viru méiglechem Héichwaasser

vigilance jaune

Waasserverwaltung warnt viru méiglechem Héichwaasser

No enger kaler Nuecht mat relativ vill Aisreen warnt d‘Waasserverwaltung haut viru méiglechem Héichwaasser. Am Süden vum Land gëllt eng vigilance jaune, wat ee potenzielle Risk bedeit. Op Inondations.lu kann ee sech iwwer déi aktuell Pegelstänn informéieren.

auto_stories

2 min

Äisreen | © picture alliance / Fotostand | Fotostand / Kipp
Foto: picture alliance / Fotostand | Fotostand / Kipp

Mir hunn eng kal Nuecht mat relativ vill Äisreen hannert eis. Déi offiziell vigilance ass de Sonndeg Moien um 7 Auer op en Enn gaangen, mee nach ëmmer gëllt et opzepasse wéinst plazeweis naassen an glate Stroossen an Trottoiren.

Zwee Accidenter op Lëtzebuerger Stroossen

Op de Stroossen ass et awer verhältnisméisseg roueg bliwwen. Wéi de CGDIS mellt koum et zu zwee Accidenter, eemol zu Colmar-Bierg an emol op der A7 tëscht den Tunnelen Grouft a Stafelter, mat jeeweils 4 Autoen an engem Blesséierten.

Och an eisen Nopeschlänner gouf oder gëtt et eng Wiederwarnung.

Den däitsche Wiederdéngscht warnt viru spigelglate Stroossen duerch Äisreen, virun allem am Südweste vun Däitschland. Am meeschten opgepasst soll een an de Géigende Schwarzwald, Bodensee a Barescher Wald.

An a Frankräich gouf et déi lescht Nuecht eng vigilance orange bis de Moien 6 Auer am ganze Land, och wéinst Schnéi an duerno enger Waarmfront, déi Glëtz verursaacht huet.

Previsiounen: De Sonndeg gëtt kal an naass, vu Méindeg u ginn d'Temperaturen erëm méi mëll

D‘Wieder bleift vereent bei de Sonndeg de Moien nach bei Temperaturen tëscht -1 an 2 Grad. Am Laf vum Nomëtteg dierft de Reen dann e bëssen ofhuelen an d‘Temperature klamme souguer bis op ëm déi 10 Grad.

De Start vun der neier Woch muer kënnegt sech dann änlech un bei relativ mëllen Temperaturen a quasi keng Sonn. Muer am Nomëtteg soll de Wand dann och mol méi staark unzéien.