arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An zéng Europäesche Länner gouf et mëttlerweil Cyberattacken op Frigoen

Europa

|
reading time

1 min

An zéng Europäesche Länner gouf et mëttlerweil Cyberattacken op Frigoen

Och a Rumänie goufen et Cyberattacken op Frigoen a Supermarchéen. Domat goufen elo am Ganzen zéng europäesch Länner vun Hackerugrëffer viséiert. Bei dësen Attacken ginn d‘Temperaturen an de Killregaler eropstellen. Frigoen haten deels bis zu 50 Grad.

reading time

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Stephen Payne
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Stephen Payne)

Duerch dës cibléiert Attacken missten a ganz Europa tonneweis Liewensmëttel wech geheit ginn. 

Bei engem EU-Krisentreffen hu sech haut d‘EU-Cybersécherheetsagentur zesumme mat Europol beroden. D‘Enquêtë géifen zwar op nationalem Niveau duerchgefouert ginn, d‘EU-Kommissioun wier awer an enkem Austausch mat hinnen. Wien hanner den Attacke géint d'Liewensmëttelsécherheet an Europa stécht ass bis ewell net offiziell gewosst. 

Gëschter war nach vu sechs europäesche Länner riets, an deenen et zu Cyberattacken op d'Liewensmëttelversuergung komm wier. Och zu Lëtzebuerg ware Butteker viséiert.

Vertrauen vun de Consommateuren géif leiden 

Bei Delhaize Belsch a Lëtzebuerg wieren e puer Dose Filiale betraff gewiescht - dovu véier hei am Land, esou eng Spriecherin op Nofro hin – ouni ze soen wéi eng. D‘Wort mellt et wieren d‘Delhaize Geschäfter zu Stroossen, Schengen an op der Schmatt.

D'Vertraue vun de Consommateuren an der EU géif duerch déi Attacke leiden, esou de Christophe Hansen.